“Je le jure, Ech schwieren et”: Fred Keup vereedegt!

An der Chamber ass de 40 Joer ale Fred Keup e Mëttwoch offiziell als Deputéierte vereedegt ginn. Virop huet hien dem Gast Gibéryen, fir deen hien noréckelt, e grousse Merci ausgeschwat, datt hien him d’Opportunitéit gelooss huet, fir mat Zäiten an d‘Chamber nozeréckelen, an och fir op seng Ënnerstëtzung zielen ze kënnen. Duerch säin Engagement am Referendum 2015 an och säin Asaz fir d’Lëtzebuerger Sprooch, ass de Geographiesprofesser am Land bekannt ginn. Hien war nach ëmmer houfreg dorobber fir eng aner Meenung ze hunn an dës ze äusseren, och wann dat net einfach ass. Gehollef hätt him dobäi seng Famill déi ëmmer zou him gestanen huet. De Fred Keup war Geographiesprofesser aus Leidenschaft a kennt sech an dësem breetgefächerten Domaine gutt aus. Ënnertanerem an de Beräicher Demografie, Geologie, Klimatologie, Landesplanung, Urbanismus, Mobilitéit a Soziologie huet hie ganz vill Wësse, wat hien an der Chamber abrénge wëll. De neie Volleksvertrieder huet dann awer och drun erënnert datt mir de Generatioune virun eis dankbar musse sinn, dat well si eis onst Land an engem ganz gudden Zoustand hannerlooss hunn, sou datt mir eis verflichte solle, fir och eise Kandskanner eist Land an engem beschtméiglechsten Zoustand weiderzeginn. Um Schluss huet de Fred Keup nach betount datt hien sech freet fir mat de Kolleege vum Parlament harmonesch a konstruktiv zesummenzeschaffen.

Deel dëse Post: