Iwwerhëlt de Staat d’Luxair-Undeeler vun der BIL?

D’Kris am Persouneloftverkéier duerch d’Covid-Pandemie huet dozou gefouert, datt d’Banque Internationale à Luxembourg envisagéiert, fir hir Undeeler un der nationaler Fluchgesellschaft ze verkafen, an dat trotz dem Zukunftsplang, ob dee sech déi sektoriell Tripartite gëeenegt hat an deen en Ofbau vun Aarbechtsplaze bei der Luxair bis Enn 2023 verbitt. Der BIL gehéieren am Ablack 13,14 Prozent vun den Undeeler, dem Lëtzebuerger Staat 39 Prozent. De Staat ass sengersäits mat 10 Prozent un der BIL bedeelegt. Fir déi ronn 3000 Salariéë vun der nationaler Fluchgesellschaft steet an dëser Saach also vill um Spill. Ass de Staat bereet, fir d’Aktie vun der BIL ze iwwerhuelen, wann d’BIL déi verkafe géif?

Deel dëse Post: