Iwwerdriwwe Corona-Bestëmmungen an der Kathoulescher Kierch?

Am Kader vun de gesetzleche Bestëmmunge vum ofgeännerte Covid-Gesetz sinn an der kathoulescher Kierch nei an nach méi strikt Reegelen a Kraaft getrueden. D’Ofstandsreegel an d’Maskeflicht gëllen elo och fir d’Sänger, d’Kantoren, d’Organisten an d’Dirigenten. Dovunner ausgeholl ass quasi nëmmen nach de Paschtouer deen d’Mass hält.  Huet de Premier- a Kultusminister Xavier Bettel déi nei méi strikt Bestëmmungen definéiert? Gëlt och fir déi net-katoulesch aner reliéis Communautéiten am Land eng méi streng Ofstandsreegel a verschärfte Maskeflicht?

 

 

Deel dëse Post: