Iresche Schoulmeeschter wéinst Genderwahn am Prisong

An Irland sëtzt e Schoulmeeschter am Prisong, well hien sech aus reliéise Gewëssensgrënn geweigert huet, e männleche Schüler mat engem weibleche Pronomen unzeschwätzen. De Staat Irland verstéisst domat also warscheinlech souwuel géint d’Recht op fräi Meenungsäusserung- a Beruffsausübung, wéi och géint d’Reliounsfräiheet, sou wéi se och an der EU-Grondrechtscharta festgehale sinn. Géint Ungarn a Polen gouf no änleche Virwërf jeeweils e Grondrechtsprozess op den Instanzewee bruecht. Wéi eng national Moossnamen huet d’Regierung bis ewell geholl, fir dem betraffene Schoulmeeschter ze hëllefen a wéi wëll si um EU-Niveau weider virgoen?

Deel dëse Post: