International Froen an e Pannefliger

Zwou international Froen waren de 14. Oktober och um Programm vun der Chamber.

Eemol geet et em de Militärtransportfliger Airbus A400M, de Lëtzebuerg zesumme mat der Belsch bestallt huet. Hei huet missen e Sëcherheetsaccord mat der OCCAR (Organisatioun fiur Zesummenaarbecht a Rüstungsfroen) gemaach ginn fir un Donnéen iwwer dee Fliger ze kommen. Geleeënheet fir de Fernand Kartheiser, eng ganz Rëtsch Froen opzewerfen. Hie weist och drop hinn, datt d’Regierung relativ spéit op d’Iddi kënnt, dësen Vertrag ze maachen … Joere nodeems de Fliger kaf ginn ass.

Deen aner Accord betrëfft den Austausch vu geheimen Informatiounen mat Éisterräich a Kroatien. Hei weist de Fernand Kartheiser drop hin, dass eng Sëcherheetskultur wichteg ass fir de Stellewäert vu Lëtzebuerg bei sengen internationale Partner ze garantéieren.

Deel dëse Post: