Integratioun: ee Begrëff, dee polariséiert

Enn Januar gouf an der Chamber iwwer dat neit Integratiounsgesetz debattéiert. Bei där Debatt hat d’Integratiounsministesch gesot, et sollt een als Lëtzebuerger vun de Mënschen, déi bei eis an d’Land kommen, net verlaangen, sech unzepassen. D’Ministesch hat an deem Zesummenhank d’Fro opgeworf, ob de Begrëff „Integratioun‟ iwwerhaapt nach zäitgeméiss wier, ob et net éischter misst drëm goen, sech „géigesäiteg kennenzeléieren a gemeinsam ee Lëtzebuerg ze schafen.‟ Misst een dann net och de “Ministère de l’Intégration” ëmbenennen?

 

Deel dëse Post: