Inflatioun: wat geschitt mat sozial schwaache Leit an den Altersheemer?

Am Kader vun den Tripartite-Verhandlungen Enn Mäerz gouf vun enger Gewerkschaft an och vum Konsumenteschutz ee Gel vu verschiddene reglementéierte Präisser, ënner anerem vun den Tariffer an Alters- a Fleegeheemer, gefuerdert. Dës Fuerderunge goufe vun der Regierung awer net opgegraff. Am Hibléck op déi exorbitant Inflatioun, déi am Ablack d’Liewe vun de sozial schwaache Leit an den Alters- a Fleegeheemer virun eng Zerräissprouf stellt, hunn déi Alters- a Fleegeheemer, deenen hir Investitiounen zum gréissten Deel vun der ëffentlecher Hand finanzéiert ginn, eng sozial Verantwortung wéi nach seele virdrun. Wéi steet d’Regierung zu dëser Entwécklung?

 

Deel dëse Post: