Industriell Wandanlagen – nach méi ineffikass wéi allgemeng ugeholl?

Scho méi wéi eng Kéier huet den ADR-Deputéierte Fred Keup wéinst der Volatilitéit an de villen Niewewierkunge vun den industrielle Wandanlage bei der Regierung intervenéiert, selbstverständlech ouni eng kloer Äntwert ze kréien. Mee et hëlt keen Enn. Wéi franséisch Wëssenschaftler schreiwen, kënnen dës gréng Spillgeschierer bei Frascht bis zu 20 Prozent vun hirer Leeschtungsfäegkeet verléieren an dat ausgerechent am Wanter, wann se am dréngendste gebraucht ginn. Wéi reagéiert d’Regierung dorop a wat huet et de Steierzueler bis lo kascht, fir och nach deem Misär Här ze ginn?

Deel dëse Post: