Inakzeptabelt COVID-Gesetz!

D’ADR ass schockéiert iwwert déi Liichtfankegkeet, mat där am Kader vun der CORONA-Kris d’Grondrechter ausser Kraaft gesat ginn. Vill gesetzlech Dispositiounen, déi vun der Regierung getraff goufen, waren disproportionéiert oder ganz einfach net präzis. Am meeschten schockéiert ass d’ADR awer iwwert déi ëmstridden Zwangshospitaliséierung. D’COVID-Pandemie huet Lëtzebuerg – gesellschaftlech gesinn – grad dowéinst esou gutt iwwerstaanen, well d’Bierger Verantwortung gewisen, sech virbildlech beholl an un d’Virgabe gehale hunn. Mat der Zwangshospitaliséierung gëtt grad dëse gudde Wëlle vun der Bevëlkerung ënnergruewen; d’Regierung weist e grousst Mësstraue géintiwwer vum Bierger an eise Staat beweegt sech soumat a Richtung Erzéiungsdiktatur. Méi falsch hätt een also net kënne legiferéieren, esou de Roy Reding a senger Interventioun vum 22. Juni.

Och de Jeff Engelen stéiert sech ferm un dësem Gesetz. Hie seet ganz kloer, datt Gesetzer, déi eis an der Verfassung verankert Grondfräiheete beréieren, eng 2/3-Majoritéit bräichten. Den Nord-Deputéierte stéiert sech dann och drun, datt dëst Gesetz wéineg kloer ass a vill ze vill Interpretatiounsspillraum iwwereg léisst.

Hei fannt Dir déi integral Riede vun den ADR-Deputéierten zu de COVID-19-Gesetzer.

Deel dëse Post: