Impfstoff wirkungslos – An elo?

Den Ament gëtt dat gesamt medezinescht a paramedezinescht Personal quasi ausschliisslech mam Impfstoff vun AstraZeneca geimpft. Südafrika huet elo d’Ausliwwere vun dësem Impfstoff ausgesaat, well dësen net effikass géint déi südafrikanesch Variant vum Covid-Virus schütze soll. An deem Kontext huet de Jeff Engelen eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt, wéi eng Konsequenzen dës nei Erkenntnis op d’Lëtzebuerger Impfstrategie wäert hunn. Och zu Lëtzebuerg gouf déi südafrikanesch Variant nämlech nogewisen a riskéiert, sech hei weider auszebreeden. D’Drénglechkeet vun der Fro gouf  unerkannt.

Deel dëse Post: