Impferënnerung: Wéi gesäit de Suivi aus?

Hei fannt Dir déi parlamentaresch Fro vun der honorabel Députéiert Alexandra Schoos.

Et trieden ëmmer nach geheeft Fäll vu Keuchhusten (Bordetella pertussis) hei zu Lëtzebuerg op.

Op meng parlamentaresch Fro N°223 huet d’Madamm Gesondheetsminister geäntwert, datt „am Kader vun der schoulmedezinescher Ënnersichung, déi all 2 Joer stattfënnt, d’Impfkaart kontrolléiert gëtt. Falls e Rappel néideg ass, ginn déi legal Virgesetzt duerch e Bréif informéiert, […]”

Am Avis du conseil supérieur des maldies infectieuses vum 12. Februar 2024 ass allerdéngs uginn, datt ca. bei engem Drëttel vun de Kanner den Impfstatus net bekannt wier, well keng Impfkaart géing virleien. („Parmi les cas recensés ces dernières semaines, 70% étaient vaccinés, 1 cas n’était pas vacciné et pour les autres, le statut vaccinal était inconnu (absence de carte pouvant être vérifiée).”)

 

An dësem Kontext géing ech der Regierung gär follgend Froe stellen:

A Bezuch op d’Schüler:

  • Wéi gesäit de Suivi aus, a Bezuch op de Statut vaccinal, wann d’Schüler d’Impfkaart net dobäihunn, fir och an dëse Fäll en adequate Suivi bei alle Kanner a Jugendlechen ze garantéieren?

 

A Bezuch op d’Leit generell, déi Erwuessen am Besonneschen:

  • Wéi eng Méiglechkeeten hunn d’Dokteren op där enger Säit an d’Santé op där anerer Säit, fir kënnen e bessere Suivi ze maachen an de Leit Rappeller ze schécken, datt hir Opfrëschung fälleg ass?
  • Falls et momentan nach keng automatesch Rappeller fir Opfrëschunge gëtt (weder vun der Santé nach vun den Dokteren), gesäit d’Regierung am Kader vun der Digitaliséierung an Zukunft eppes an deem Sënn vir?
  • Duerch d’Penurie am Gesondheetssecteur ass et immens schwéier als neie Patient nach Rendez-vouse bei Generalisten ze kréien. Huet d’Regierung Informatiounen doriwwer, wéi vill Generalisten hei am Land momentan keng nei Patiente méi unhuelen? Gëtt et eng zentral Ulafstell, wou d’Leit sech informéiere kënnen, wéi eng Generalisten hei am Land nach nei Patienten unhuelen?

Mat déiwem Respekt,

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: