Hei fannt dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d’Famill, fir d’Solidaritéit, fir d’Zesummenliewen a fir den Accueil weiderzeleeden.
Mir ass folgende Fall aus engem Fleegeheem zougedroe ginn. Et geet em eng Zomm, déi een als “Virkafsrecht” bezuele muss, déi an dem mir bekannte Fall tëscht 8000 an 10000 Euro läit. Wann déi Persoun, déi dëse Montant bezuelt huet, decidéiert de Service net méi ze benotzen oder nach méi schlëmm, wann se stierft ouni jeemools vum Service profitéiert ze hunn, kritt hir Famill nëmmen e klengen Deel vun dëser Zomm zeréck, dat heescht tëscht 2000 an 3000 Euro. D’Majoritéit vum Betrag gëtt also net rembourséiert a gläichzäiteg géif déi Plaz dann un eng aner Persoun goen, déi dann eventuell nees déi ganz Zomm ze bezuelen huet.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Wann eng Prestatioun am Viraus bezuelt gëtt, déi ni genotzt gëtt, ass do e Remboursement virgesinn ?
- Wéi funktionéiert déi administrativ Prozedur, am Fall vum Doud vun enger Persoun, fir déi reservéiert Plaz un eng aner Persoun ze transferéieren?
Mat déiwem Respekt,