Huet dës Regierung iwwerhaapt en Deontologieskodex?

Den Deontologieskodex vun der Regierung schéngt net méi wäert ze sinn ewéi de Pobeier op deem e geschriwwe steet. D‘Affär Dieschburg-Traversini ass emol nach net gekläert, elo weist d’Familljeministesch Corinne Cahen schwaarz op wäiss, datt si gär emol d’Kape vu Ministesch a Geschäftsfra vertauscht. D’Madame Minister bedreift net nëmme weiderhi fläisseg Lobbying fir hire Schongbuttek. Iwwert eng E-Mail-Adress vun der Regierung huet si sech elo och mat hirem Titel als Familljeministesch mat Nodrock un de Geschäftsverband an u Luxtram adresséiert. Dobäi huet si – an dat net fir d’éischt – kommerziell Interessie vum Schongbuttek vertrueden.

Am noen Ausland hu Ministere wéinst esou Aktioune mussen zerécktrieden, mee dës Regierung huet weder Prinzipien, nach Schimmt. Den Deputéierte Fernand Kartheiser freet d’Regierung, wéi si dës Faiten examinéiert, wéi si dozou stinn a wat d’Konsequenze sinn.

 

Deel dëse Post: