Homophobie oder Heterophobie? – e Bäitrag vum Roland Kirsch

Et vergeet kaum een Dag, op deem nët iwwert Medien d ‘Diskussioun iwwer Homosexualitéit Schlagzeile mécht. Déi läscht Noriichten aus Afrika weisen eis, datt déi Diskussioun och an anere Kulturkreeser gefouert gëtt. 

Ech perséinlech sinn der Meenung, datt jidder Mënsch d ‘Fräiheet huet zu senger sexueller Ausriichtung. Dat sinn d ‘Regelen vun der Demokratie an un déi hu mir eis all ze halen, op mer déi sexuell Ausriichtung fir gutt fannen oder nët.

Déi Demokratie gëtt mir ower och d ‘Fräiheet meng Meenung iwwer déi Ausriichtung ze soen, op dat mengem Géintiwwer gefält oder nët! Sech géigesäiteg d ’Recht op fräi Meenungsäusserung zouzegestoen nennt een Toleranz.

Jidder Mënsch huet d ’Recht, eng aner Liewensform, déi him nët gefält, als schlecht unzegesinn. Dat gëllt, op ech en Hetero oder en Homo sinn. Déi Meenung duerf ech offen an all Diskussiounsronn vu mer ginn, ouni datt ech duer wéinst eng Phobie zougeuerdent kréien.

Leider erlieft een ët a leschter Zäit ëmmer méi dacks, datt een als Heterosexuellen zu engem “Homophobist” gemaach gëtt, wann ee fest zu senger Iwwerzeegung steet a versicht mat Argumenter sech ze rechtfertegen. Et ass een en Erzkonservativen, e Fundamentalist, en Onbeléierbaren, a munnech Mol souguer e Faschist, wann een un der traditioneller Famill (Mann a Fra mat Kanner) fest hält a sech géint de Status vu Famill an d ’Adoptiounsrecht vun Homo-Kopplen ausschwätzt. Eng franséisch Ministesch huet gemengt, déi “archaesch” Form vu Famill wier iwwerlieft. Dat ass hier Meenung. Meng Meenung ass, datt déi Form vun Zesummeliewen wéi se besteet zanter datt ët Mënsche gëtt –  archaesch kënnt aus dem griicheschen a bedeit: vun Ufank unn – déi bescht Form ass. Si eleng huet d ’Iwwerliewen an de Wuesstem vun der Mënschheet garantéiert, si stoung um Ufank vun alle Forme vu sozialem Zesummeliewen, vun der Groussfamill iwwer d ’Duerfgemeinschaft bis zum Staat.

Jiddereen huet d ’Recht, dës Astellung nët mat mir ze deelen. Jiddereen huet och d ’Recht dat an der Ëffentlechkeet ze soen, sou wéi ech et maachen. Ech kann ower nët mat averstane sinn mat der Aggressivitéit an dem Exklusivitéitsusproch, mat deem Protagoniste vun enger neier Homogesellschaft un d ’Wierk ginn. D ‘Neutralitéit vun eise Medien huet scho ganz staark ënnert dem Afloss vun enger Homolobby gelidden an d ‘Stëmmung géint déi, déi sech duergéint wieren, gëtt ëmmer méi aggressiv.

Ech wëll hei virun enger fataler Feelentwécklung warnen. Nach ass ët nët ze spéit fir eng sachlech Diskussioun ze féieren, déi nët déi perséinlech Interessien a Wënsch an de Mëttelpunkt stellt, mee d ‘ Wuel vun der ganzer Gesellschaft, den Erwuessenen, onofhängeg vun hirer sexueller Orientéierung, an de Kanner.

A grad bei de Kanner gëlt ët mat Vernunft an ouni eesäiteger Indoktrinatioun virzegoen.  Hei sollt en Unterechtspobeier aus Däitschland eis ze denke ginn. D ‘Gewerkschaft Erziehung und Wissenschaft (no eegenen Aussoen:  Die GEW ist … die mit Abstand größte gewerkschaftliche Interessenvertretung für alle Beschäftigten im Bildungswesen.) huet am Zesummenhang mat der Homodiskussioun a Baden-Württemberg  Unterrechtsvirlagen erausbruecht zum Thema “Lesbische und schwule Lebensweisen – ein Thema für die Schule “. Op d ’mannst am Titel si se éierlech: sexuell Erzéiung begräift nure méi d ‘Homosexualitéit.

Aus der ganzer “Publikation für Lehrer/Innen” hei just een Auszuch mat engem Froekatalog fir eng 7. Klass.

 Der heterosexuelle Fragebogen

1 Woher glaubst du, kommt deine Heterosexualität?

2 Wann und warum hast du dich entschlossen, heterosexuell zu sein?

3 Ist es möglich, dass deine Heterosexualität nur eine Phase ist und dass du diese Phase überwinden wirst?

4 Ist es möglich, dass deine Heterosexualität von einer neurotischen Angst vor Menschen des gleichen Geschlechtes kommt?

5 Wissen deine Eltern, dass du heterosexuell bist? Wissen es Deine Freundinnen und Freunde? Wie haben sie reagiert?

6 Eine ungleich starke Mehrheit der Kinderbelästiger ist heterosexuell. Kannst Du es verantworten, deine Kinder heterosexuellen Lehrer/innen auszusetzen?

7 Was machen Männer und Frauen denn eigentlich im Bett zusammen? Wie können sie wirklich wissen, wie sie sich gegenseitig befriedigen können, wo sie doch anatomisch so unterschiedlich sind?

8 Obwohl die Gesellschaft die Ehe so stark unterstützt, steigt die Scheidungsraten immer mehr. Warum gibt es so wenige langjährige, stabile Beziehungen unter Heterosexuellen?

9 Laut Statistik kommen Geschlechtskrankheiten bei Lesben am wenigsten vor. Ist es daher für Frauen wirklich sinnvoll, eine heterosexuelle Lebensweise zu führen und so das Risiko von Geschlechtskrankheiten und Schwangerschaft einzugehen?

10 In Anbetracht der Übervölkerung stellt sich folgende Frage: Wie könnte die Menschheit überleben, wenn alle heterosexuell wären?

11 Es scheint sehr wenige glückliche Heterosexuelle zu geben; aber es wurden Verfahren entwickelt, die es dir möglich machen könnten, dich zu ändern, falls du es wirklich willst. Hast du schon einmal in Betracht gezogen, eine Elektroschocktherapie zu machen?

12 Möchadr du, dass dein Kind heterosexuell ist, obwohl du die Probleme kennst, mit denen es konfrontiert würde?

Dat muss ee wierklech zwee Mol liese, fir sech bewosst ze ginn, wourëm ët hei wierklech geet: nët méi d’ Heterosexualitéit ass de Normalfall, mee d’ Homosexualitéit. Hei geet ët nët ëm Opklärung iwwer déi verschidde Forme vu Sexualitéit, mee ganz einfach iwwer d’ Ëmerzéiung zur Homosexualitéit. Hei gëtt eng geféierlech Heterophobie bei deene gepriedegt, déi am empfänglechsten dofir sinn.

Et sollt een dës Froen am Detail ënnersiche fir sech vun der perfider Indoktrinatioun ze iwwerzeegen.

Fro 1: Hei kritt dat 13-joer aalt Kand scho ganz subtil vermëttelt, datt seng Heterosexualitéit eng Folleg vun iergend engem Virgang/Erliefnes ass an a sech nët normal ass.

Fro 2: Wat soll e Kand vun 13 Joer duerop äntweren. Ech wéisst haut mat 68 Joer nach keng Äntwert drop, well ech ganz einfach esou op d ‘Welt komm sinn.

Fro 3: Hei gëtt gehandelt nom Motto: dat ass nët esou schlëmm, wann s de elo Hetero bass; dat wäert och erlaanscht goen a mär kënnen dir dobäi hëllefen.

Fro 4: Ofgesinn dovun, datt ee mat 13 Joer kaum eppes mat “neurotescher Angst” unzefänke weess, gëtt hei d ‘Richtung scho genee festgeluecht: Wien Hetero ass brauch Hëllef well hien e psychesche Problem huet.

Fro 5: Elo sollen also déi Kanner sech “outen” virun der Famill an de Frënn! Wa se näischt mam Ausdrock “neurotescher Angst” an der Fro 4 ufänke konnten, da wëssen se ët bestëmmt no hirem “Outing”!

Fro 6: Wann d ‘Homo’en 10% vun der Bevëlkerung ausmaachen, da wier ët nure normal, wa si och méi e geringe Prozentsaatz bei de Kannerbelästeger géingen ausmaachen. Wa mer ower op déi rezent Berichter zeréckkucken (Skandaler an der kathoulescher Kierch an an däitschen Internater), da muss ee ganz staark Zweiflen un där Behaaptung umellen. Et ass zousätzlech genee esou falsch eng allgemeng Panikmaacherei erop ze beschwieren, op Léierpersonal heterosexuell oder homosexuell ass.

Fro 7: Dovunner ofgesinn, datt an der ganzer Diskussioun de Begrëff “Léift” op d ‘Bett reduzéiert gëtt, ass et aarmséileg z ‘ënnerstellen, datt eng heterosexuell Koppel, déi sech gären huet (!), sech nët am Bett géinge verstoen. Och am Bett kann ee matenee schwätzen!

Fro 8: Datt vill Koppelen haut nët méi zesumme bleiwen, huet kaum eppes mat hirer sexueller Astellung ze dinn, wéi mat hiren ënnerschiddlechen Opfaassungen, nët nuren am Bett. Am Iwweregen halen och vill Homoen et nët bis un den Dout mateneen aus!

Fro 9: Firwat gëtt hei nure vu Lesben an nët vu Schwulen geschwat? D ‘Äntwert ass ganz einfach: déi Schwul hunn däitlech méi Geschlechtskrankheeten opzeweise wéi d ‘Heteroen. A firwat gëtt bei der heiter Fro nët iwwert den Aids geschwat? Dat ass dach wierklech kee Staatsgeheimnis méi, datt grad ënner Homoen den Aids e grousse Problem ass. Niewebäi bemierkt muss ee sech d ‘Fro stelle wéi e kranke Geescht hanner esou enger Fro stécht, wou Geschlechtskrankheete mat Schwangerschaft an engem Otemzug genannt ginn.

Fro 10: Géigefro: a wéi sollt eise Sozialsystem iwwerliewe, wéi sollt eis Gesellschaft iwwerliewe, wa se all homosexuell wieren?

Fro 11: Hei gëtt d ‘Kaaz aus dem Sak gelooss. Heterosexualitéit ass eng Krankheet! Wann een ëffentlech behaapt, Homosexualitéit kéint ënner Ëmstänn geheelt ginn, dann ass een automatesch e reliéise Fundamentalist. Hei bidde Pädagogen (?) Kanner eng Heelung vun hierer Heterosexualitéit duerch Elektroschock un … an erhiewen sech domat zu Fundamentaliste vun hirer Relioun: der Homorelioun.

Fro 12: Lo suerge mer also scho vir: wann se selwer bis Kanner kréien (wien erkläert hinnen da wéi se als Homo’en dat maache sollen?), da sollen se vu vir eran dofir suergen, datt d ‘Kanner sech zu Homo’en entwéckelen.

Ass dat wierklech déi Welt, op déi mer zougoe wëllen? Et gëtt Zäit, héich Zäit datt mer eis seriéis Gedanke maachen iwwer d ‘Zukunft vun eiser Gesellschaft, iwwert Erzéiung vun eise Kanner an iwwert e gesond Mateneeliewe vun alle Mënschen.

Deel dëse Post: