Holpreg Schoul-Rentrée: Froen iwwert d’Cours d’accueil an iwwert d’Schouldokteren

Datt de Retour an d’Schoul nom Corona-Lockdown méi holpreg gëtt, wéi eng normal Schoulrentree am September, war gewosst. De Grad vun der Improvisatioun beim Schoulministère ass awer esou, datt ganz vill Froen opstinn. De Fernand Kartheiser huet der hei zwou erausgepickt, déi grouss Konsequenze fir déi betraffe Kanner kënnen hunn. D’Post-Corona -Schoul schéint wëllen ouni Dokteren auszekommen. A Kanner, déi nei am Land sinn, däerfen an dëse Méint och net drop hoffen, datt si bei eise Sproochen ënnert d’Äerm gegraff kréien.

Deel dëse Post: