Holding-Firma entléisst 115 Mataarbechter wéinst KI

Säit Jore gëtt dervir gewarnt, datt d’KI iergendwann zu Massenentloossunge féiere kéint. Déi Prognos ass elo zu Lëtzebuerg Realitéit ginn. De Jeff Engelen an de Fred Keup hunn dozou e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

Bei enger Holding-Gesellschaft um Kierchbierg ass et zur Entloossung vun 115 Mataarbechter komm. Als offiziell Begrënnung gouf eng intern Ëmstrukturéierung an den Ausbau vum Asaz vu kënschtlecher Intelligenz ugefouert. Och wann aner, net genannte Facteuren eng Roll gespillt kéinte hunn, ass et eises Wëssens déi éischte Kéier, datt zu Lëtzebuerg d’kënschtlech Intelligenz explizit als Grond fir Entloossunge genannt gëtt.

Zanter Jore kritt een ze héieren, d’kënschtlech Intelligenz géif no an no mënschlech Aarbechtsplazen ersetzen. Haut schéngt dës Prognos scho Realitéit ze sinn.

An deem Kontext hu mir follgend Froen un d‘Regierung:

  1. Wéi gedenkt d’Regierung op dës Entwécklung ze reagéieren?
  2. Sinn der Regierung nach aner Fäll hei am Land bekannt, bei deenen Entloossunge mam Asaz vu kënschtlecher Intelligenz begrënnt goufen? Wa jo, wéi vill an a wéi enge Beräicher?
  3. Ass d’Regierung der Meenung, datt dee bestoende sozialen Dialog (Betribsréit, Gewerkschaften, Tripartite) op dës nei Erausfuerderung virbereet ass?
  4. Ass sech d’Regierung bewosst, datt duerch dës Entwécklung de Chômage-Taux massiv an d’Lut goe kéint?
  5. Ass d’Regierung bereet, e legale Kader fir den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz um Aarbechtsmaart ze schafen, inklusiv engem spezifesche Schutz fir d’Salariéen? Wann net, wéi eng Grënn schwätzen dogéint?
  6. Op LinkedIn kann ee liesen: Es ist nicht die KI, die deinen Job übernehmen wird, sondern jemand, der weiß, wie man KI nutzt!“ Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, datt dat intelligent Notze vu KI zu engem wichtege Bestanddeel vun eise Schoulprogrammer misst ginn, fir d’Schüler optimal op den Aarbechtsmaart virzebereeden?
  7. Ginn et an deem Kontext scho konkret Initiative vum Schoulministère?

Äntwert:

Fro N°1: Wéi gedenkt d’Regierung op dës Entwécklung ze reagéieren?
Déi lëtzebuergesch Wirtschaft ass staark op Secteuren ausgeriicht déi d’KI kënnen asetzen, wéi zum Beispill den Finanzsecteur oder de Secteur vun de Servicer.
Dëst ass ee vun de Grënn wisou am Kader vum Koalitiounsaccord 2023-2028 d’Regierung sech verflicht huet, d’Innovatioun ze fërderen, fir datt Lëtzebuerg un der Spëtzt vun den neien Technologien an der Digitaliséierung bleift ouni awer de Mënsch an deem ganze Prozess ze vergiessen.
An dësem Kontext stinn Donnéeën, d’KI an déi quantentechnologesch Entwécklungen am Mëttelpunkt vun de Prioritéiten, déi Lëtzebuerg sech am Kader vun senge Strategien „Accelerating digital sovereignty 2030” gesat huet. D’Zil ass et fir d’Wirtschaft weider ze stäerken, d’Liewensqualitéit vu de Bierger ze verbesseren, déi digital a technologesch Souveränitéit ze stäerken, de Leit hir digital Kompetenzen ze stäerken an zur digitaler Souveränitéit vu Lëtzebuerg an der Europäescher Unioun bäizedroen. An dësem Kader ass ausserdeem e Projet Phare am Beräich Skills geplangt. Dës Initiativ viséiert ënnert anerem:
•Den aktuellen a zukünftege Kompetenzbedarf mat Hëllef vun der KI ze ermëttele fir Mängel zeidentifizéieren an d’Bierger a Beruffer ze orientéieren.
•D’Weiderbildung an d’Ëmschoulung ze ënnerstëtzen, andeems d’Formatiounsofferen op d’Nofroum Aarbechtsmaart ugepasst ginn.
•Eng evidenzbaséiert Politikgestaltung duerch dynamesch, KI-verstäerktAarbechtsmaartdonnéeën ze erméiglechen.
Den erwaarten Afloss op d’Aarbechtswelt ass am grousse Ganze positiv, well déi grouss Majoritéit vun de Beruffer erwaart mat der KI zesummen ze schaffen amplaz einfach duerch si ersat ze ginn. Dëst stellt eng Chance fir Lëtzebuerg duer, mee gläichzäiteg och eng Erausfuerderung. Fir dës Chance kënnen ze ergräifen, ass et wichteg, d’Aarbechtskräfte drop virzebereeden mat der KI ze schaffen an sech deenen neien Zäiten unzepassen.
De Gesetzesprojet n° 8476 vum Staatsministère vum 23.12.2024 ergänzt den AI Act duerch déi néideg national Bestëmmungen, am besonneschen d’Designatioun vun den zoustännegen nationalen Autoritéiten, déi fir d’Ëmsetzung an d’Iwwerwaachung vum Reglement zoustänneg sinn. Lëtzebuerg ass domat dat éischt Land wat e Gesetzesprojet fir d’national Ëmsetzung vum AI Act agereecht huet.
D’Ziler vum AI-Act si follgend :
• sécherzestellen, datt d’KI-Systemer, déi um Bannemaart vun der Unioun op de Marché kommen oder agesat ginn, sécher sinn a mat der Gesetzgebung am Beräich vun de Grondrechter an de Wäerter vun der Unioun am Aklang stinn ;
• juristesch Sécherheet ze garantéieren, fir Investissementer an Innovatioun am Beräich vun der KI ze erliichteren ;
• d’Gouvernance an d’effikass Ëmsetzung vun der bestehender Gesetzgebung am Beräich vun de Grondrechter an de Sécherheetsfuerderungen, déi op KI-Systemer uwennbar sinn, ze stäerken ;
• d’Entwécklung vun engem Bannemaart fir legal, sécher a vertrauenswierdeg KI-Applikatiounen z’erliichteren an eng Fragmentatioun vum Marché ze verhënneren.
D’ITM gouf als Autoritéit genannt fir Informatioune vun de Betriber ze froen, déi am Zesummenhang mat KI-Systemer ze dinn hunn, an dës Informatiounen un déi zoustänneg Maartiwwerwaachungsautoritéit, weiderzeginn.
D’Regierung ass sech natierlech och bewosst, datt de séieren Entwécklungsvirstouss vun der kënschtlecher Intelligenz Froen opwerft wat hiren Impakt op d’Beschäftegung an d’Aarbechtslosegkeet ugeet.
Insgesamt ass et der Regierung dofier ganz wichteg, dass d’Salariéën duerch déi Ännerungen an der Aarbechtswelt, déi eben och besonnech duerch d’kënschtlech Intelligenz kommen, begleet ginn. An deem Sënn ass et wichteg d’Gesetz vum 19. Juni vun desem Joër betreffend de sougenannten „Skills-Plang“ ze erwänen, wat verschidde Finanzéierungsméiglechkeete fir Betriber virgesäit déi an d’Kompetenze vun hire Salariéën investéiere wëllen, déi duerch staark Ännerungen an der Aarbechtswelt betraff sinn.
Dëst Gesetz verfollegt 3 Haaptziler: d’Kompetenze vun de Salariéë stäerken andeems se un d’Ännerunge vun der Technologie (also och KI) ugepasst ginn, d’Kompétitivitéit vun de Betriber stäerken déi staark duerch esou Ännerunge betraff sinn an och fir preventiv géint de Chômage virzegoen.
Dat Gesetz ass natierlech keng honnertprozenteg Garantie fir de Salarié eng Kënnegung wéinst enger Ëmstrukturatioun vum Betrib ze vermeiden, mee et erméiglecht de Betriber hir Leit besser op Ännerungen an hirem Beruf virzebereeden, respektiv och emzeschoulen fir dass déi Leit och weiderhi kënne vum Betrib beschäftegt ginn an esou hir Aarbechtsplaz net verléieren.
Wichteg ass och, ze ernimmen, datt am Kader vum europäesche ‘Plan de résilience’ en neit Format u Formatiounen, d’Skillsbridges, zanter September 2024 ugebuede gëtt, dëst ënner der Responsabilitéit vum MENJE. Hei ginn an de CNFPCen (Centre national de formation professionnelle continue) ënnert der Responsabilitéit vum MENJE, och Formatiounen ugebueden, déi sech ganz spezifesch mat der Integratioun vun der KI op der Aarbechtsplaz befaassen.

Fro N°2: Sinn der Regierung nach aner Fäll hei am Land bekannt, bei deenen Entloossunge mam Asaz vu kënschtlecher Intelligenz begrënnt goufen? Wa jo, wéi vill an a wéi enge Beräicher?
Aktuell ginn et dozou keng empirësch Donnéeën, déi op eng massiv Hausse vun der Aarbechtslosegkeet duerch KI hindeiten. Déi spezifesch Struktur vum lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché — gepräägt vun enger héijer Proportioun u qualifizéierten Aarbechtsposten an am Déngschtleeschtungssecteur — léisst d’Erwaardung opkommen, datt KI éischter eng Transformatioun vun de gefrote Kompetenze bewierkt, amplaz e massivt Ofschafe vu Posten. Ënnert anerem weisen 2 Etüden — The Economic Opportunity of Generative AI in Luxembourg, gemaach vum Implement Consulting Group a publizéiert am Juni 2024 , an d‘Survey results: Perspectives on AI and Generative AI in industry vun der FEDIL aus dem Juni 2025, datt nëmmen en klenge Prozentsaz vun de Posten direkt ersat kéinte ginn, wärend eng Majoritéit vun de Posten transforméiert a mat AI wäerten zesummeschaffen.
Den Arbechtsministère ass aktuell iwwert keen anere Fall ewéi dee vun der Firma Byborg informéiert.
Laut Sozialplang vun Byborg Entreprises géifen allgemeng 115 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn. Et sierf awer gesot, dass et net méiglech ass ze chiffréiere wéivill Plazen hei konkret duech d’KI ofgeschaaft ginn, respektiv ersat ginn.

Fro N°3: Ass d’Regierung der Meenung, datt dee bestoende sozialen Dialog (Betribsréit, Gewerkschaften, Tripartite) op dës nei Erausfuerderung virbereet ass?
Jo, d’Regierung ass der Meenung datt déi néideg Gremien an Outile bestinn fir dee wichtegen Dossier ze beschwätzen a Lëtzebuerg adäquat op d’Zukunft kënne virzebereeden.

Fro N°4: Ass sech d’Regierung bewosst, datt duerch dës Entwécklung de Chômage-Taux massiv an d’Lut goe kéint?
D’Regierung ass sech bewosst, datt de séieren Entwécklungsvirstouss vun der kënschtlecher Intelligenz (KI) Froen opwerft wat hiren Impakt op d’Beschäftegung an d’Aarbechtslosegkeet ugeet.
An dëser Phase ginn et keng empirësch Donnéeën, déi op eng massiv Hausse vun der Aarbechtslosegkeet duerch KI hindeiten. Déi spezifesch Struktur vum lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché — gepräägt vun enger héijer Proportioun u qualifizéierten Aarbechtsposten an am Déngschtleeschtungssecteur — léisst d’Erwaardung opkommen, datt KI éischter eng Transformatioun vun de gefrote Kompetenze bewierkt, amplaz e massivt Ofschafe vu Posten. Eng Etüd, publizéiert am Juni 2024 — The Economic Opportunity of Generative AI in Luxembourg, gemaach vum Implement Consulting Group — weist, datt just ronn 6 % vun de Posten direkt ersat kéinte ginn, wärend 72 % transforméiert ginn an 22 % wéineg betraff wieren.
Fir d’Arbechtsichend an d‘Aarbechtnehmer an dëser Entwécklung ze begleeden, ass d’ADEM scho mobiliséiert:
• Weiderbildung a Beruffsëmschoulung ginn gestäerkt;
• Bedierfnisser un digitale Kompetenzen anticipéieren: an enger Zäit wou d‘KI d’Aarbechtsplazen transforméiert, gëtt d’Beherrschung vun digitalen Instrumenter essentiell fir all Salarié. D’ADEM huet e Zoom iwwer déi rezent Tendenzen an der IT verëffentlecht, deen den Aarbechtsichenden an de Salariéen et erméiglecht, sech iwwert déi aktuell gefroten digital Kompetenzen informéiert ze halen. Zousätzlech integréiert d’ADEM d’Auswierkunge vun der kënschtlecher Intelligenz op d’Beschäftegung aktiv an d’Formatiounsofferen. D’Offer vu professionelle Formatiounen déi vun der ADEM fir d’Joren 2025 an 2026 proposéiert ginn, sinn op zwee Niveauen opgebaut:
o Allgemeng (Ufängerniveau): Des Formatiounen enthalen Aféierungsmodule an d’kënschtlech Intelligenz, mat dem Fokus op hiren Asaz an alldeeglechen Aufgabegebitter. D’Zil ass d’Participanten fir d’Chancen an Erausfuerderunge vun der KI ze sensibiliséieren an hinnen dat weesentlecht Basiswëssen ze vermëttelen, adaptéiert un de Kontext vun all Formatioun.
o Spezialiséiert (Zwëschen-/Fortgeschratt Niveau): Ënner anerem gi komplett Programmer ugebuede fir strategesch Beräicher, déi technesch Kompetenzen am Detail vermëttelen, wéi: Data & KI, IT & Cloud, Webentwécklung, a Low-/No‑Code Léisungen.
Eng Rei Partnerschafte bestinn schonn oder sinn amgaangen ze entstoen, an nei Formatioune fir 2026 sinn amgaangen, fir KI‑Module dauerhaft ze integréieren.
D’ADEM proposéiert notamment och Formatiounen “digital Grondkompetenzen”, déi Moduler iwwert d’Digitalisatioun an hire Lien mat der KI integréiert. Zousätzlech ginn et sektoriell Formatiounen an zentrale Beräicher, déi direkt vun der Digitaliséierung betraff sinn.
D’Partner vun der ADEM completéieren dës Offer mat Gratisformatiounen déi fir Aarbechtssichender zougänglech sinn, ënner anerem MOOC “Elements of AI” porposéiert vum Competence Centre vun der Universitéit Lëtzebuerg (ULCC). Dësen E‑Learning Modul erlaabt d’Fundamenter vun der KI ze léieren an hir Haaptuwendungen ze entdecken. D’Editioun 2025 war e groussen Erfolleg, mat enger Promotiounsaktioun vun der ADEM, déi bal 18.000 Aarbechtssichender, déi am Januar 2025 ageschriwwe waren, erreecht huet.
An dësem Kontext spillt den Digital Learning Hub (DLH), deen ënnert der Responsabilitéit vum MENJE steet, eng wichteg Roll bei der Ëmsetzung vun der nationaler Strategie am Beräich vun den digitale Kompetenzen. Och an den nationale Strategië vun der Kënschtlecher Intelligenz an den Donnéeë gëtt den DLH als Schlëssel-Acteur genannt.
Modulär zertifizéiert Formatiounen a ville Beräicher vun der Informatik wéi z. B. KI, Data Science, Governance an Dateschutz ginn ugebuede fir all interesséierten Erwuessenen, an och an Zesummenaarbecht mat der ADEM – dëst fir Leit, déi eng Aarbecht sichen.
Eleng am Joer 2025 betreffen 231 vun deenen 674 Formatioune mat iwwer 2.000 Aschreiwunge bis elo de Beräich vun der KI.
Fir dem ëmmer méi grousse Besoin u Fachleit gerecht ze ginn, wäert den DLH ugangs 2026 eng « AI Academy » lancéiere mat zwou Spezialiséierungen: Machine learning an Data sciences. Dës Programmer
zilen drop of, Spezialisten auszebilden, déi capabel sinn, KI-Systemer an ënnerschiddleche Secteure vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ze entwéckelen, ëmzesetzen an ze geréieren.
Vergiesse mer net „42 Luxembourg“, déi Erwuessener ouni Prerequis et an enger innovativer pedagogescher Demarche erlaabt, sech digital Kompetenzen unzëeegnen.
Als weidere Schlëssel-Acteur bitt de CNFPC Weiderbildungen am Beräich vun der KI un. D’Zil ass et, Salariéen, Demandeurs d’emploi an Entreprisë mat den néidege Kompetenzen auszestatten, fir den neien Erausfuerderungen vum « Future of work » gerecht ze ginn.
Hei sollten d’Skillsbridge „Formatiounen am Beräich vun der KI fir administratiivt Personal“ ervirgehuewe ginn, déi sech op déi praktesch Uwendung vun der neier Technologie konzentréieren.
De CNFPC bitt och all seng weider KI-Formatioune ganz praxisorientéiert un an d’Reussite vun der Formatioun ass un d’Reussite vun engem Projet um Terrain gebonnen.
Wann déi éischt Formatioun sech un dat administratiivt Personal adresséiert huet, sou sinn elo weider KI-Formatiounen fir verschidde Publicken ausgeschafft ginn: KI fir Entscheedungsträger (fir d’Potenzial vun der KI an der strategescher Entwécklung vun der Organisatioun ze verstoen), Green IT and AI (Formatiounen, déi ëmweltbewosst Aspekter fir eng responsabel Notzung vun der Technologie fërderen) a Formations sur mesure, déi dem jeeweilege Betrib eng moossgeschneidert Formatioun ubidden, déi senge Besoine gerecht gëtt. Hei kann de Formateur no enger detailléierter Analys mam Betrib op d’Plaz goen, fir d’Salariéen ze forméieren.
All dës Formatiounen adresséieren sech net nëmmen u Betriber, Salariéen an Demandeurs d’emploi, mee och u Ministèren, Administratiounen an Associatiounen.
An engem Kontext vu séierer Transformatioun vum Aarbechtsmaart an der rapider Verbreedung vun der KI an alle Secteuren, verstäerkt d’ADEM hir Efforten – si adaptéiert a beräichert hir Formatiounsoffer fir Aarbechtssichender. D’Zesummenaarbecht mat de Partner bleift zentral, fir nei Formatiounen an déi opstriewend Beruffer an der digitaler Transformation an an der KI, wéi Prompt Engineer, AI Ethics Officer oder Data Architect, ze entwéckelen.
Fir d’Entreprisen an Aarbechtnehmer an dëser Transitioun z‘ënnerstëtzen:
De Skills‑Plang (plan de gestion prévisionnelle de l’emploi et des compétences) ass eng nei finanziell Hëllef, etabléiert vum Aarbechtsminister an der ADEM am Kader vum Gesetz vum 19. Juni 2025.
Dësen Dispositif huet d‘Zil, Entreprisen an hir Salariéen an den déifgräifenden wirtschaftlechen, technologeschen an organisatoreschen Transformatiounen ze begleeden, déi den Aarbechtsmarché redefinéieren. Hien mécht et den Entreprisen méiglech, d’Beruffer vun der Zukunft ze identifizéieren, déi néideg Kompetenzen kuerz-, mëttel- an laangfristeg ze definéieren, an eng adaptéiert Formatiounsstrategie ëmzesetzen. Genee gesot hëlleft de Skills‑Plang Entreprisen bei der Identifikatioun vun zukünftege Kompetenzen, beim Strukturéiere vum Formatiounsplang fir hir Mataarbechter an der effizienter Implementatioun vun dësen Aktiounen. Hien stellt eng pragmatesch, fokusséiert Äntwert op déi séier Entwécklung vun der KI duer, déi d’Produktioun, d’Servicer an d’Aarbechtsorganisatioun transforméiert. Andeems een de Salariéen d’Méiglechkeet gëtt sech digital Kompetenzen unzeeegenen
an d’Intrumenter vun der KI ze beherrschen, erlaabt dësen Dispositif den Ecart tëscht der technescher Evolutioun an de Qualifikatiounen déi um Aarbechtsmaart ze fannen sinn, ze reduzéieren.
D’Regierung gesäit d’KI net nëmmen als Erausfuerderung, mee och als Deel vun enger Chance, d’Wirtschaftskompetitivitéit ze stäerken an d’Qualitéit vun der Beschäftegung ze verbesseren amplaz si als Ursaach vun enger massiver an automatescher Hausse vun der Aarbechtslosegkeet ze gesinn.
Am Kader vum Flagship AI, Deel vun der AI Strategy vun der Regierung, wäert en interministeriellen Aarbechtsgrupp zesumme mat concernéierten Acteuren un engem Projet schaffen, fir d’Donnéeën iwwert d’Kompetenzen, déi eisen Aarbechtsmaart brauch, ze verbesseren. Dat laangfristegt Zil ass et, all deene Leit en Outil zur Verfügung ze stellen, mat deem si kënne besser erausfannen, wat si brauchen, fir sech gutt an der „neier“ Aarbechtswelt erëmzefannen, sech weiderzebilden an och Formatiounen ze fannen, déi hinnen dobäi kënnen weiderhëllefen.

Fro N°5: Ass d’Regierung bereet, e legale Kader fir den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz um Aarbechtsmaart ze schafen, inklusiv engem spezifesche Schutz fir d’Salariéen? Wann net, wéi eng Grënn schwätzen dogéint?
E generelle legale Kader betreffend KI ob der Arbechtsplaaz, sou wéi och e spezifische Schutz fir Arbechter, ass den Ament net virgesinn.
Wat awer kloer ass, ass dass d‘Salariéë bei der Weiderentwécklung vun hire Kompetenzen ënnerstëtzt musse ginn, fir se an hirem Beruff par rapport zu de Verännerungen, déi d’KI mat sech bréngt, ze stäerken an hinnen den Iwwergank op nei Beruffer ze erliichteren.
Zu dëse Kompetenze gehéieren eng staark Basis am Digitalen, elementar Kenntnisser an der KI, gutt analytesch Kompetenzen (kritescht Denken a Problemléisung) souwéi sozial Fäegkeeten (Kreativitéit, Kommunikatioun, asw.).
Zesumme mat der ADEM goufe verschidden Initiativen ëmgesat, fir den Auswierkunge vun der KI an den technologeschen Entwécklungen um lëtzebuergesche Aarbechtsmarché virzegräifen.
Op Basis vun den Erfarungen vum Pilotprojet “Luxembourg Digital Skills Bridge” gouf de Gesetzesprojet „Skills-Plang“ ausgeschafft, deen dorop ausgeriicht ass, den Verännerungen um Aarbechtsmarché virzegräifen.
Dëst Gesetz vum 19. Juni 2025 erméiglecht et de Betriber vun enger Begleedung ze profitéieren fir hire Bedarf un Kompetenzen ze analyséieren an ze plangen; spezifesch Formatiounspläng fir hir Salariéen virzegesinn an eng Finanzéierung vum Staat ze kréie fir dës Efforten ze ënnerstëtzen.
Parallel dozou huet d’ADEM e Service „Salariés“ geschaf, deen et duerch gezillten „Upskilling“ a „Reskilling“-Moossnamen erméiglecht, dem Chômage präventiv entgéintzewierken. Dëse Service bitt de Salariéen eng personaliséiert Begleedung un, déi et hinne méi einfach mécht sech un déi technologesch Verännerungen unzepassen.
Zousätzlech dozou sinn aner Sensibiliséierungs- a Formatiounsinitiative wichteg am aktuelle Kontext vun der digitaler Transformatioun, besonnesch am Beräich vun der KI. Sou dréit de gratis Zougang zum MOOC (Massive Open Online Course) „Elements of AI“, dee vun der Universitéit Lëtzebuerg Competence Centre (ULCC) ugebuede gëtt, souwéi d’Ressourcen, déi iwwer den Digital Learning Hub (DLH) ugebuede ginn, dozou bäi, d’digital Kompetenze vun de Léit déi eng Aarbecht sichen, de Salariéen an de Bierger ze stäerken. Dës Efforten, déi a Partnerschaft mat private wéi och ëffentlechen Acteuren a mat der ADEM realiséiert ginn, si wichteg, fir laangfristeg um Aarbechtsmarché kënnen ze bleiwen an d’digital Transformatioun zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen.
D’Aféierung vu neien Technologien an d’Entwécklung vun der KI hunn och en Afloss op d’Aarbechtskonditiounen, an d’Reegelung vun dësen Aarbechtskonditioune mussen, wann néideg, dorop ugepasst ginn.
Fir op eng Aarbechtswelt am staarke Wandel kënnen ze reagéieren, féiert den Aarbechtsministère ënner anerem eng Reform vun der ITM duerch. Nieft hirer Kontroll- an Inspektiounsaufgab gëtt d’Roll vun der ITM als Präventiouns- a Begleedungsinstanz fir d’Entreprisen gestäerkt.
Fir d’Entwécklung vun enger mënschen- a vertrauenswierdeger KI ze ënnerstëtzen, déi eiser Gesellschaft an eiser Ekonomie déngt a gläichzäiteg och hëlleft potenziell Geforen anzeschränken, ass e Reglement iwwert KI (AI-Act) op europäeschem Niveau ugeholl ginn.
D’Bestëmmunge vum AI-Act gesinn ënner anerem vir, datt eng Rei vu KI-Systemer, déi am Kontext vun der Aarbechtswelt agesat ginn, als Héichrisiko-Systemer klassifizéiert kënne ginn. Dëst betrëfft ënner anerem d’KI-Systemer, déi fir de Recrutement, d’Bewäertung vun de Salariéen oder fir d’Gestioun vum Personal agesat ginn.
Des Bestëmmunge gesinn och vir, datt séchergestallt muss ginn, datt d’Rechter vun de Salariéen respektéiert ginn, datt keng Diskriminatioun entsteet an datt d’Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht garantéiert bleift.
D’ITM gouf als Autoritéit genannt fir Informatiounen vun de Betriber ze froen, déi am Zesummenhang mat KI-Systemer ze dinn hunn, an dës Informatiounen un déi zoustänneg Maartiwwerwaachungsautoritéit weiderzeginn.
Der ITM hir Kontrollaktivitéite bezéien sech virun allem op de Beräich Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht, wou d’Integratioun vun Héichrisiko-Systemer an den Aarbechtsprozesser eng besonnesch Iwwerwaachung verlaangt, souwéi op d’Aspekter vum Gläichbehandlungsrecht vun de Salariéen.
D’ITM wäert zousätzlech eng präventiv a pedagogesch Roll iwwerhuelen, andeem si d’Betriber an d’Salariéen iwwer hir Obligatiounen a Rechter, déi sech aus dem AI Act erginn, sensibiliséiert. Déi nei Technologien sollen am Aklang mam Aarbechtsrecht an am Respekt vun de fundamentale Rechter ugewant kënne ginn.
Bleiwt nach ze erwänen, datt d’Directive iwwer d’Plattformaarbecht och e neie rechtleche Kader etabléiert fir d’Persounen déi fir Betriber schaffe wou d’Aarbecht iwwer Plattformen organiséiert gëtt.
D’Haaptzil vun dëser Directive ass et d’Beschäftegungskonditiounen ze stäerken, eng falsch Klassifikatioun vum Beschäftegungsstatut ze verhënneren an den Asaz vun Algorithmen a Systemer vun der automatiséierter Iwwerwaachung ze reguléieren.
Am Kontext vun der Plattformaarbecht ass et net ongewéinlech, datt Decisiounen iwwer d’Zoudeelung vun den Aufgaben, d’Bestëmmung vun de Paien, d’Evaluatioun vun der Leeschtung oder d’Iwwerwaachung vun de Salariéen iwwer algorithmesch Systemer geholl ginn. Dës Systemer baséieren dacks op Technike vun der KI.
D’ITM wäert och hei eng zentral Roll an der Ëmsetzung vun dëser Directive spillen. Si wäert zoustänneg gi fir de Beschäftegungsstatut am Kader vun der Plattformaarbecht ze iwwerwaachen an, wou noutwendeg, festzestellen, ob eng presuméiert Aarbechtsbezéiung am Sënn vum nationale Recht virläit. Si huet weiderhin d’Aufgab, d’Entreprisen op hir Obligatiounen am Zesummenhang mat der Notzung vu Algorithmen hinzeweisen, a souwuel d’Salariéen wéi och d’Plattformen iwwert hir Rechter a Pflichte ze informéieren.

Fro N°6: Op LinkedIn kann ee liesen: „Es ist nicht die KI, die deinen Job übernehmen wird, sondern jemand, der weiß, wie man KI nutzt!“ Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, datt dat intelligent Notze vu KI zu engem wichtege Bestanddeel vun eise Schoulprogrammer misst ginn, fir d’Schüler optimal op den Aarbechtsmaart virzebereeden?
D’Regierung deelt d’Analys, datt eng intelligent a kritesch Notzung vu KI zu engem ëmmer méi wichtege Facteur gëtt – net nëmmen um Aarbechtsmaart, mee och fir d’Participatioun un eiser Gesellschaft am Allgemengen. Fir d’Schoul gëtt an deem Sënn eng national Strategie mat klore Guidelines an de kommende Wochen breet diskutéiert; d’Verankerung an de Schoulprogrammer ass en Deel dovunner. D’Zil ass et dobäi net, d’KI ëm jiddwer Präis an d’Klassenzëmmer ze bréngen, mee datt d’Schüler an d’Schülerinne léieren, mat a virun allem och ouni KI ze denken. Doduerch gëtt verhënnert, datt si ëmmer méi kognitiv Prozesser un d’Maschinn deleguéieren a gläichzäiteg gi kritescht Denken, Kreativitéit a Kollaboratioun gestäerkt.
An der Schoul gëllt dofir: léieren ouni KI, iwwer KI, mat KI. Esou gi Schüler net nëmmen befäegt, d’Tools ze notzen, mee och ze verstoen, wou hir Limitte leien a wéi een se verantwortlech asetzt. Dat ass déi bescht Preparatioun op en Aarbechtsmaart, wou d’KI eng ëmmer méi grouss Roll spillt, ouni datt d’Mënschlechkeet, d’Kreativitéit an de kritesche Geescht verluer ginn.
Ervirzesträichen ass och nach de Flagship AI “A sovereign AI chatbot for education”, Deel vun der AI Strategy, fir eng multidimensional Datebase mat alle Curricula vum Lëtzebuerger Schoulsystem ze schafen, gekoppelt un eng intelligent Sichfunktioun.

Fro N°7: Ginn et an deem Kontext scho konkret Initiative vum Schoulministère?
De MENJE leet an de kommende Wochen e Strategiepabeier vir, deen zesumme mat allen Acteuren am Bildungswiesen – Enseignanten, Direktiounen, Schüler- a Elterevertriedungen, Gewerkschaften – breet diskutéiert gëtt. Dëse partizipative Prozess soll garantéieren, datt d’Orientatiounen net nëmme politesch festgehale ginn, mee och am Schoulalldag drobar an ëmsetzbar sinn.

Deel dëse Post: