Hënn an Hondsrassen: Froen un d’Regierung

Zwou Froe vum Fernand Kartheiser dréinen ëm Hënn an Hondsrassen. A béide Fäll gesäit d’Regierung keen Handelsbedarf oder keng Méiglechkeet, fir anzegräifen. Op mannst, wat déi sougenannt Lëschtenhënn ugeet ass elo no der Äntwert awer kloer. Et gëtt wéineg Tëschefäll mat deene geféierlechen Hondsrassen, déi am Gesetz definéiert sinn mä hier Meeschtere behuele sech net ëmmer richteg.

An där aner Fro goung et drëm, wéi Leit, déi an der Strooss heeschen, mat hiren Déieren ëmginn. Zu München gëtt aktuell diskutéiert, ob Hënn nach duerfen bei därer Aktivitéit matgeholl ginn, well d’Déieren anscheinend dacks drogéiert ginn, fir roueg niewent hirem Meeschter ze leien. D’Fro ass, ob et en einfachen Depistage fir esou Droge gëtt an ob Hënn hei zu Lëtzebuerg op der Strooss op hire Gesondheetszoustand an op hir Pobeiere kënne kontrolléiert ginn.

An enger zweeter Fro beschäftegt sech Fernand Kartheiser mam Gesetz iwwer geféierlech Hondsrassen. Hie wëllt hei Präzisiounen a freet och, ob dat Gesetz vläit no neien Erkenntnisser adaptéiert gëtt.

Deel dëse Post: