Hëllef fir traumatiséiert Zaldoten

De Fernand Kartheiser geheit an enger parlamentarescher Fro de Problem vu bei  Auslandsmissiounen eventuell traumatiséierten Zaldoten op. Hie freet,  wéi si zu Lëtzebuerg gehollef kréien.

 

Fro

Et kommen ëmmer nees ganz intressant Virschléi fir den Déngscht un der Waff méi attraktiv ze maachen. Dobäi gëtt och net vergiess, datt net just zaldotesch Effikassitéit mee och dat kierperlecht a geeschtegt Wuelbefanne vun de Militär wichteg sinn. Dat weist och d‘Fuerderung no enger adequater psychologescher Betreiung. An dem Kader wéilt ech dem Här Verdeedegungsminister dës Froe stellen:

  1. Huet d’Lëtzebuerger Arméi op Grond vun hiren Auslandsasätz scho mat Fäll vu PTSD (Post Traumatic Stress Syndrome) ze di gehat?
  2. Wa jo, sinn déi Leit heiheem oder am Ausland behandelt ginn? An zivilen oder militäreschen Infrastrukturen?
  3. Wat ass geplangt fir d’Preventioun ze verbesseren an, am Fall vun engem Problem, besser kënnen ze hëllefen?

Äntwert

Äntwert vum Verdeedegungsminister op d‘parlamentaresch Fro n° 6103 vum 26.

Abrëll 2022 vum honorabelen Deputéierten Fernand Kartheiser

 Zur Fro 1:

Jo.

Zur Fro 2:

D’Leit sinn zu Lëtzebuerg an am Ausland, haaptsächlech an zivillen Infrastrukturen, behandelt ginn.

 qp_fk_ptsd_äntwert Zur Fro 3:

Am Kader vun der Preparatioun op d‘Auslandsmissioun gëtt drop higeschafft dass d’Léit léiere mat Stress eens ze ginn an dass se dësen, wa méiglech a bis zu engem gewëssene Grad, selwer ofgebaut kréien. Sou gesäit de Preventiounsplang ënner anerem Folgendes vir:

  • Virum Ufank vun enger Auslandsmissioun gi vun engem Psycholog vun der Arméi op mannst zwee individuell Entretiene mat all bedeelegte Militär Dës Entretienen erméiglechen eng Risikoanalys an eng mental Virbereedung op d’Schwieregkeeten an d’emotional Belaaschtung déi mat der Missioun verbonne sinn.
  • De Pré-Missiounstraining an d’psychologesch Entretienen erlaben et den individuelle Militär hier Stressresistenz a Resilienz z’erhéijen.
  • Bei der Informatiounsversammlung fir d’Famillen, déi virun der Auslandsmissioun organiséiert gëtt, ginn d’Militär an hier Famillen op Unzeechen a Symptomer vu PTSD sensibiliséiert an iwwert d‘Schrëtt déi beim Optrieden ënnerholl musse ginn.
  • No der Missioun ginn an engem individuelle Gespréich mat engem Psycholog vun der Arméi potenziell traumatesch Erliefnisser wärend der Missioun identifizéiert.

Meng Servicer schaffen des Weideren un der Ausaarbechtung vun enger Gesetzesvirlag fir Militär déi an enger Auslandsmissioun z.B. mat traumateschen Evenementer konfrontéiert goufen eng besser Prise en charge z’erlaben.

Deel dëse Post: