Hëllef beim Logement: Wichteg mä nët dichteg!

De Gast Gibéryen huet den 18. November 2015 iwwer e Gesetz an der Chamber, dat 2013 vun der Regierung Juncker deponéiert gouf a wou d’Zuelen elo vu Gambia ugepasst gi sinn, geschwat. Et geet dorëms, Leit, déi nët vill Akommes ze hunn, beim Loyer ze hëllefen. D’ADR huet fir dat Gesetz gestëmmt, well dat Geld fir Leit ass, déi et batter néideg brauchen. Mä de Gast Gibéryen hat och eng Rëtsch Kritikpunkten. Fir d’éischt sinn a sengen Aen 124 Euro zwar vill Suen, mä bei de Loyerspräisser vun haut ëmmer nach eng Drëps op de waarme Steen. 25 Euro, déi ee fir e Kand kritt, géinge jo kaum duergoen, fir eppes méi ale Kanner en eegent Zëmmer an der Wunneng ze bezuelen. An d’Situatioun um Wunnengsmaart schliisslech dierft nom Gast Gibéryen senger Analys kaum besser ginn, well nët esou vill gebaut gëtt wéi all Joer gebraucht gëtt.

Deel dëse Post: