Heescht “Bleift doheem” fir all Mënsch dat nämmlecht?

D’Lëtzebuerger Press huet iwwer eng “Réckrees-Well” aus Portugal geschriwwen a geschwat, wéi kloer war, datt de Bau nees géing ufänke mat Schaffen. Elo ass awer eis Noutstandsreglementatioun esou, datt nëmmen néideg Autos-Deplacementer erlaabt sinn mat kloeren Angaben doriwwer, wat néideg ass a wat net. Vakanz-Deplacementer falen net dorënner, a vill aner Saachen net, fir déi zu Lëtzebuerg och Leit Protokoller kritt hunn.

Ausserdeem war den Homeschooling jo integrale Bestanddeel vum Schouljoer a keng Schoulvakanz. An och d’Kuerzaarbecht ass keen Instrument, wat géing erlaben, a Vakanz ze fueren.

Duerfir huet de Fernand Kartheiser nogefrot, wat aarbechts- a noutstandsrechtlech vun där Rees-Well ze halen ass … a vun deels drolegen Erklärungen, datt dat alles net esou schlëmm ass.

Deel dëse Post: