Här Schmit, schummt Iech fir Är Ligen!

No den Aussoen, déi gëschter Owend vum Aarbechtsminister gemaach goufen, muss d’ADR feststellen, datt et zu Lëtzebuerg nawell méiglech ass, Regierungsmember ze sinn an trotzdem onerhéiert Ligen an der Ëffentlechkeet ze zielen. De sozialistesche Komerod huet nämlech d’ADR mat rietsextremistesche Parteien aus Frankräich an aus Holland an een Dëppe geheit, an dat obwuel et keen eenzegen objektive Grond gëtt fir esou eng Verbindung hirzestellen.

D’ADR huet zënter Joren hir politesch Famill fonnt: si ass Member an der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR), déi ënnert anerem aus Parteie besteet, déi an hire jeeweilege Länner Regierungsverantwortung droen oder an der rezenter Vergaangenheet gedroen hunn. Dëst ass notamment de Fall fir déi britesch Konservativ Partei mam Premier David Cameron.

Selbstverständlech sinn all dës Informatioune fir jidderee fräi zougänglech, dat heescht och fir den Här Schmit. D’ADR gouf also ganz bewosst diffaméiert, well d’sozialistesch Komerode fäerten, datt d’Europawalen net esou ausgesinn, wéi si sech dat virstellen. Mat enger reeller Chance op e Sëtz am EU-Parlament a virun allem mat enger realistescher Visioun fir d’EU stellt d’ADR eng seriö Konkurrenz fir all déi aner Parteien duer.

Am Géigesaz zu deem, wat den Här Schmit behaapt huet, huet d’ADR nach ëmmer Faarf bekannt. Obwuel hire Walprogramm fir d’Europawalen eréischt am Abrëll presentéiert gëtt, huet si sech, wat d’Grondlinnen ugeet, scho längst festgeluecht. D’ADR setzt sech net fir en Zesummebroch vun der EU a fir d’Ofschafe vum Euro an, mä fir en Europa vun den Natiounen, dat heescht en Europa vu souveräne Memberstaaten, déi zesumme fir méi Fridden, méi Fräiheet a méi wirtschaftleche Wuesstem schaffen.

Den Här Schmit hätt souwisou besser sech ëm de vill ze héije Chômagetaux ze bekëmmeren ewéi Ligen iwwert aner Parteien ze propagéieren. A seng Partei kéint vläicht vun der Walcampagne profitéiere fir de Wieler ze erklären, firwat si en anert Europa wëll, wou se dach bis elo all méiglech Decisioune matgedroen huet!

Deel dëse Post: