Handlungsbedarf bei Sécherheetsfroen

Fir d’Tribune libre op RTL an 100Komma7 hat d’ADR den Thema ëffentlech Sécherheet gewielt. Geschwat huet e Mann, deen de Sujet kennt. De Bezierkspresident Zentrum, Mario Daubenfeld, war bis Enn 2014 Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi, déi hien am Generols-Grad an als Chef vum Generalstab verlooss huet. Net d’accord war de Mario Daubenfeld mam Optimismus vun der Regierung, datt d’Sécherheetssituatioun hei am Land sech géing verbesseren. Hie gëtt de Bierger Recht, déi net fannen, dat d’Sécherheet méi grouss gëtt. A Gewalt géint Persounen (esou guer Polizisten) an Abréch wären nach ëmmer un der Dagesuerdnung.

De Mario Daubenfeld gesäit  weiderhin kloer Handlungsbedarf a proposéiert och e puer Achsen. Fir d’éischt misst een den akute Personalmangel bei der Police ugoen an den Uerdnungskräften d’Moyene ginn fir ganz efficace ze schaffen. Esou laang d’Police misst duerch Personal oder Material-Engpäss Prioritéite setzen, wäre net d’organiséiert Heeschebanden, déi an der Stad aktiv sinn, hir éischte Suerg. Dëse Bande kéint ee nëmme mat engem Platzverweis an encadréierende Mesure Meeschter ginn. Fir den Drogeschmuggel ze ënnerbannen, plädéiert de Mario Daubenfeld fir méi gezilten a limitéiert Grenzkontrollen. An als lescht wierksamt Mëttel géint grenziwwerschreidend Kriminalitéit stellt hien esou d’Méiglechkeet vun engem Landesverweis an de Raum.

Deel dëse Post: