Gutt Ambiance bei der Stater Sektioun

Den Donneschdeg, 31. Januar hunn sech iwwer 20 Membere vun der ADR Sektioun Lëtzebuerger-Stad zu Weimeschkierch am gemittleche Bistro „Le Bovary“ getraff, dëst a Präsenz vun den Deputéierte Roy Reding a Gast Gibéryen a  vum Generalsekretär vun der Partei, dem Alex Penning.

An hirer Usprooch huet d‘Presidentin vun der Sektioun, d‘Béatrice Clement, op d‘Wichtegkeet vum Joer 2018 higewisen. D’Parlamentswahlen am Oktober haten am Virfeld vill Aarbecht mat sech bruecht. Dat fir dobaussen sou vill wéi méiglech Präsenz ze weisen an den direkte Kontakt mat de Bierger ze sichen, z.b. um Stater Maart grad wéi op enger ganzer Rei anere Manifestatiounen.  D’Presidentin huet dann och all de Membere Merci fir hiren onermiddlechen Asaz gesot, och wat d’opstellen a peche vun deene ville Walplakater an der Stater Gemeng ugeet.  Trotz de villen Aktivitéite kann sech d‘Sektioun nees op eng gesond finanziell Lag stäipen, wéi aus dem Rapport vun der Tresorière Jelena Marinkovic erauszeliesen ass.

Um Schluss huet sech den Zentrumsdeputéierte Roy Reding ganz zefridde mat der Aarbecht vun der Sektioun gewisen, fir an engems op d’Wichtegkeet vun der Aarbecht an de kommunale Kommissioune vun der Stater Gemeng hinzeweisen, hei wär d’ADR dacks déi eenzeg Partei déi Problemer konkret uschwätzt an de Fanger konsequent op Wonne leet.

Positiv ass da nach datt sech gläich e puer Partei-Membere gemellt hunn fir an der ADR-Sektioun Stad aktiv matzeschaffen.

 

 

 

 

 

Deel dëse Post: