Grondprinzipie vum Rechtsstaat verdeedegen!

D’ADR huet an der Chamber géint e Gesetz gestëmmt, dat eng EU-Direktiv iwwer gestuelen oder geschmuggelt Kulturgidder ëmsetzt. Dobäi ass den Zweck vum Gesetz gudd, och wann d’Ëmsetzung eng Rëtsch Froen opwerft.

Dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser goung et méi ëm d’Grondprinzipien vum Rechtsstaat. Esou wéi d’Gesetz ass, kritt e Keefer nämlech vu vireran schlecht Absichten beim Kaf vun esou engem Objet ënnerstallt. De Fernand Kartheiser ass vir d’Onscholdsvermuddung viru Geriicht a wiert sech dergéint, datt hei de Keefer vu vireran als schëlleg ugesi gëtt. Dat wär wéi eng Ëmkéierung vun der Beweislaascht, géint déi d’ADR och ëmmer géing stëmmen. D’ADR verdeedegt mat hirem Nee d’Grondprinzipie vun eisem Rechtsstaat.

Deel dëse Post: