Grénge Stroum oder bezuelbare Stroum?

Et si schwéier Virwërf, déi ausgerechent de fréieren LSAP-Minister Robert Goebbels géint déi aktuell Regierung, notamment de gréngen Energieminister Turmes erhieft. Net nëmmen, datt Lëtzebuerg iwwerwigend onbezuelbare Stroum aus Däitschland importéiert, mee dësen ass oft vill manner CO2-neutral wéi offiziell behaapt. CO2-aarmen an och nach bezuelbaren Atomstroum aus Frankräich bezéie mir dogéint kaum. Affere mir där grénger Ideologie de Wuelstand vun de Lëtzebuerger Bierger ouni déi deklaréiert Ziler iwwerhaapt ze erreechen?

Deel dëse Post: