Gréng wierkt … katastrophal op d’Ekonomie

Et kann een alles iwwerdreiwen. Eng nohalteg europäesch Politik géing probéieren, d’Ëmwelt, d’Ekonomie a sozial Froen an Aklang ze bréngen. Extrem gréng Politik zerstéiert net nëmmen d’europäesch Automobilindustrie an hir vill Zouliwwerer och zu Lëtzebuerg, mee d’Kompetitivitéit vun der ganzer europäescher Industri op de Weltmäert. Dat stëcht hannert den ugekënnegten Entloossunge bei ArcelorMittal an dogéint proadréiert d’ADR an engem Pressekommunikee. Hei fannt Dir weider Detailler zu eise Suergen ëm déi Beschäftegt an der Industrie an och ëm d’Betriber, déi ëmmer méi Schwieregkeete wäerte kréien, sech géint eng Konkurrenz duerchzesetzen, déi guer keng Récksiicht op d’Ëmwelt huele muss.

Deel dëse Post: