Gräife mir ze fréi no de Stären?

D’Virstellung, datt Lëtzebuerg, a Partenariat mat den USA, op de Mound flitt, a vun do eng Mars-Expeditioun preparéiert (eist Bild), ass einfach ze vill lackeleg. Allerdéngs hëlt de Fernand Kartheiser eis Regierung, déi genee fir déi Visioun d’Artemis-Verträg ënnerschriwwen huet, nees op de Buedem vun den Tatsaachen. Den ADR-Deputéierte werft an enger erweiderter parlamentarescher Fro e puer grondsätzlech Problemer op, déi e Minister virun der Chamber wäert musse beäntweren. Et sinn deelweis  Problemer a Froen, déi zënter der Lëtzebuerger Spacemining-Initiativ am Raum stinn.

Deel dëse Post: