D’Welt huet sech verännert – a Lëtzebuerg muss matgoen. De „Space-Maart“ ass haut extrem kompetitiv, SpaceX dominéiert Rakéiten a Satellitten, an d’SES steet ënner groussem ekonomeschem Drock.
An dësem geopolitesche Kontext mat méi Verantwortung an der NATO an neie Bedrounge géint eis Infrastrukturen, ass GovSat-2 eng strategesch a richteg Entscheedung: fir eis Sécherheet, fir d’Zukunft vun der SES a fir ze weisen, datt Lëtzebuerg am „Space“ eng Schlësselroll spillt.