Google: d’ganzt Land ass betraff

Den Dossier Google betrefft ganz Lëtzebuerg. Duerfir ass et mat enger lokaler Informatiounsversammlung zu Biissen, op déi den Internetris elo invitéiert huet, net gehalen. Well de Verbrauch un Terrain an u Ressourcen hunn en Impakt op ganz Lëtzebuerg.

Net nëmmen d’Informatiounsversammlung ass ze wéineg, ze spéit. Mee den Dossier weist alt erëm d’Konzeptlosegkeet vun der Regierung, déi voller Naivitéit hannert engem Internetris hierleeft, an op e Wirtschaftswuesstem ouni Récksiicht op Verloschter baut. D’ADR huet hir Meenung an engem Pressekommunikee festgehalen, deen Dir hei hannendrun am Wuertlaut fannt:

Google bréngt eis näischt

De Kaf vun Terrainen, en Ufank vun enger Geneemegungsprozedur, Spekulatiounen iwwert de Ressourcëverbrauch, Widderstand, e geplatzten Schäfferot, Erklärungsnout bei enger och grénger Regierung … an elo endlech eng Informatiounsversammlung vu Google. D’Biissener Leit sollen opgekläert ginn iwwert de “Projet de construction potentielle”, deen d’Land an Otem hält.

Dat ass gutt, mee et weist, wéi wéineg Google vun der Lëtzebuerger Problematik kennt. Google geet nämlech d’ganz Land un, an net just déi relativ kleng Nordgemeng Biissen. Duerfir ass déi Informatiounsversammlung ze wéineg a vill ze spéit.

Google … dat ass Industrialiséierung, wéi d’ADR si net wëllt. Et ass eng enorm Ressourcëverschwendung (Waasser a Stroum) fir eng Aktivitéit (Stockage – eng Datescheier), déi kee Méiwäert schaaft an domat wahrscheinlech och keng Steiersuen abréngt. De Bauer lieft net vu senger Scheier, mee vun deem, wat d’Scheier fëllt – seng Felder a seng Béischten. Wéineg Profit fir Lëtzebuerg also, duerfir awer eng sëllechen Infrastrukturaarbechten, déi musse mat Steiersue bezuelt ginn. Et gi wuel e puer Aarbechtsplaze geschaf, mee et weess keen, wou déi Leit, déi gebraucht ginn, sollen hierkommen a wéi si laanscht d’notoresch Stauen op de Strecke Lëtzebuerg-Norde solle kommen. Google kann hei am Land vu relativ niddrege Präisser fir Energie a Waasser profitéieren, awer wat deen Deal Lëtzebuerg brénge soll, ass rätselhaft. Well och wann d’Land seng Notorietéit a Saachen Datespäicherung entwéckelt huet, déi Notorietéit an deen Know-how huet Google och a wäert seng Rezepter wuel kaum mat eis deelen. Parallel zum potentielle Biissen-Projet realiséiert Google eng Rëtsch deier Investitiounen an aneren EU-Länner mat ënner anerem engem éiergäizege Fuerschungsprojet zu Paräis, déi weisen, wat den Internetris vum Lëtzebuerger Potential hält: Net vill!

D’Regierung dréit un der Situatioun e gudden Deel Schold: naiv Begeeschterung fir e groussen Numm vum Internet, stur Wuesstemslogik, ouni Récksiicht op Nodeeler fir Leit a Land, emol net den Usaz vun enger Impaktstudie, wat déi Google-Datescheier dem Land soll bréngen an d’Ëmwelt soll kaschten, konfus a konzeptlos a Saachen Industriepolitik, Streidereien ënner dräi Parteien, déi sech just eens sinn, datt si net eens sinn … Gambia bréngt näischt: net méi wéi eng lokal Versammlung fir iwwer e nationale Problem ze informéieren.

Deel dëse Post: