Um Chantier fir den Tram waren d’Fondatioune vun der historescher Glaciskapell fonnt ginn. Nëmmen duerch d’Interventioun vum Georges Hellinghausen ass de Chantier gestoppt ginn, an déi zoustänneg archeologesch Servicer konnten e Bléck op déi historesch Gemaier werfen. Déi historesch Kapell um Glacis ass eng wichteg Gedenkplaz an der Geschicht vun der lëtzebuerger Kierch an dem Lëtzebuerger Vollek: se steet am Ursprong vun der Oktav an der Veréierung vun der Tréischterin am Leed.
Wéinst dësem schroe Virfall huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng dréngend parlamentaresch Fro un de Kulturminister an un den Trams- a Baggerminister gestallt. An e krut elo eng séier Äntwert. Op d’mannst d’Prozeduren sinn – duerch Zoufall – agehale ginn, mee d’Gefor, datt dëst historescht Denkmal ënnert den Tramsschinne verschwënnt, ass nach ëmmer do.