Ginn eis Poliziste fair behandelt?

Eis Poliziste maachen all Dag eng wichteg an iwwerdeems dacks geféierlech Aarbecht am Déngscht vum Land a senge Bierger. Trotzdeem schéngt et, wéi wann si vu Säite vun der Regierung net déi néideg Opmierksamkeet entgéintbruecht kréien, wann si hir Suergen an Doleancen ausdrécke wëllen. Et geet notamment ëm finanziell Entschiedegungen, déi eis Polizistinnen a Polizisten zegutt hunn an déi hinnen net ausbezuelt goufen. An deem Kontext stellt den ADR-Süd-Deputéierte Fred Keup dann och d’Fro, ob Doleancë vu Polizisten, op déi si schrëftlech opmierksam gemaach hunn, dann net carrement ignoréiert goufen. An dräi ausféierleche parlamentaresche Froe geet de Fred Keup där Saach op de Fong.

Deel dëse Post: