Ginn d’Hëllefe fir Entreprisen indexéiert?

Entreprisen, déi kuerzzäiteg Stage vu bis zu zéng Wochen ubidden, ginn zu Lëtzebuerg vum Staat ënnerstëtzt. Wéi et dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser zougedroe gouf, goufen déi Hëllefen allerdéngs säit 1996 net méi indexéiert. En Ëmstand, dee wuel kaum géif dozou bäidroen, d’Aarbechtskonditioune vun de Stagiairen ze verbesseren. Wéi steet d’Regierung dozou?

Deel dëse Post: