Gi Reesender aus Groussbritannien politesch gedirängelt?

D’Lëtzebuerger Regierung, alle virun den Här Bausseminister Asselborn schwätzen ëmmer gär vun oppene Grenzen an, datt dach d’ganz Welt zu Lëtzebuerg wëllkomm wier. Ma just fir d’Vereenegt Kinnekräich schéngen aner Reegelen ze gëllen. Wéi dem ADR-Deputéierte Roy Reding zougedroe gouf, gouf zwou Studentinnen de Fluch em een Hoer verweigert, obwuel si géint de COVID-19 geimpft, respektiv dovu geheelt waren. Wéi kann dat sinn? Iwwert eng dréngend, parlamentaresch Fro wollt hie bei deenen zoustännege Ministeren Asselborn a Lenert intervenéieren, fir dëse Sachverhalt ze klären. Ma, hire Koalitiounskolleeg a Chamberspresident Fernand Etgen (DP) huet hei allerdéngs keen dréngenden Handlungsbedarf gesinn. An déi Zäit stinn sech d’Leit dann alt ob de brittesche Fluchhäfe weiderhin d’Been an de Bauch.

Deel dëse Post: