Gewerkschaften: ADR ass fir Pluralismus a fir de Choix

D’ADR trëtt a fir Pluralismus an de fräie Choix vun enger Gewerkschaft. De Gast Gibéryen, de Fernand Kartheiser an de Roy Reding hunn dofir géint e Gesetz gestëmmt, dat d’Gewerkschaftsszen nei regele soll. D’Gesetz bevirdeelegt nämlech eesäiteg eng vun den zwou nationale Gewerkschaften. Als alen Hues aus der Gewerkschaft, dee seng politesch Karriäre an engem “Jugendausschoss” ugefaang huet, huet de Gast Gibéryen en Historique vun de Gewerkschaften hei am Land gemaach.

De Sozialdialog zu Lëtzebuerg hätt eisem Land soziale Fridde bruecht, an d’Land hätt dovu profitéiert. Allerdéngs hätten déi zwou grouss Gewerkschaften iwwer d’national Representativitéit sech quasi e Monopol geschaaft. Wann den LCGB sech haut benodeelegt fillt, esou de Gast Gibéryen, kritt en elo dat ze spieren, wat e selwer mat de klenge Gewerkschaften hei am Land gemaach huet. Trotzdem: E Nee vum ADR zu dësem Gesetz.

 

Deel dëse Post: