Gewalt a lesbesche Koppelen

En Thema, dat an eiser Gesellschaft tabuiséiert gëtt, ass Gewalt vu Frae géint Fraen. De Fernand Kartheiser huet dozou e puer Froen un d’Chancëgläichheetsministesch.

Fro:

Am Januar 2013 gouf vum US-amerikaneschen „National Centre for Injury Prevention and Control“ eng Etüd mam Titel “National Intimate Partner and Sexual Violence Survey” publizéiert. An der Etüd ginn Erfarunge vu sexualiséierter Gewalt, kierperlecher Gewalt bis hin zu Vergewaltegung a vu Stalking, opgefächert no der sexueller Orientéierung vm Affer, ausgewäert. Befrot goufen insgesamt 9.970 Fraen, vun deenen 9.086 Informatiounen erfaasst an analyséiert goufen. Vun dëse Fraen hu sech der 96,5% als heterosexuell bezeechent, 2,2% als bisexuell an 1,3% als lesbesch. D’Etüd weist no, datt bisexuell a lesbesch Fraen een däitlech méi héije Risiko hunn, an hirem Liewen Affer vu Vergewaltegung, sexualiséierter Gewalt, kierperlecher Gewalt a Stalking duerch hiren Intimpartner ze gi wéi heterosexuell Fraen (bisexuell Fraen: 61,1 %, lesbesch Fraen: 43,8 %, heterosexuell Fraen: 35 %). (https://broken-rainbow.de/lesben-haeufiger-von-gewalt-in-der-partnerschaft-betroffen-als-heterosexuelle-frauen/).

Säitdeem goufen d’Resultater vun dëser Etüd duerch eng ganz Rei vun änlechen Etüde confirméiert. Trotzdeem ass an der sougenannter “Istanbul-Konventioun”, engem vëlkerrechtlechen Ofkommes iwwer Preventioun a Bekämpfung vu Gewalt géint Fraen a Gewalt an der Partnerschaft, net rieds vun der sexualiséierter Gewalt vu Frae géint Fraen.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Madamm Minister:

  • Wéi steet d’Madamm Minister zur Iwwerleeung, datt sexualiséiert Gewalt vu Frae géint Fraen, dorënner och Vergewaltegung vu Fraen duerch Fraen, an der Ëffentlechkeet méi staark misst thematiséiert ginn?
  • Wéi ass d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg? Wéi vill Frae ginn Affer vu Gewalt a lesbesche Koppelen? Wéi grouss ass den Undeel vu Fraen an de Fraenhaiser, déi Affer vu Gewalt vun enger anerer Fra goufen?

Äntwert:

Zu Lëtzebuerg kritt all Affer vun haislecher Gewalt gehollef an dat onofhängeg vun sengem Geschlecht a senger sexueller Orientatioun.
Am Kampf géint haislech Gewalt huet d‘Regierung dofir eng gender-neutral Approche gewielt. Dat gëllt ganz besonnesch fir d’Gesetz iwwert haislech Gewalt, awer och fir den Afferschutz an d’Täteraarbecht. D‘Präventiouns- a Sensibiliséierungsmoossnamen viséieren all Affer vun haislecher Gewalt, Männer, Fraen, Kanner an och non-binär Persounen. Deemno kritt all Affer eng professionell Prise en Charge an all Täter gëtt bestrooft.
An deem Kontext sief ënnerstrach datt Lëtzebuerg déi sougenannten Istanbul Konventioun géint all Formen vu Gewalt un Fraen a Meedercher a géint haislech Gewalt säit der Ratifikatioun am Joer 2018 ob all Geschlechter applizéiert, wëll dëst koherent ass en vue vun eiser globaler Approche.

Deel dëse Post: