Gescheitert Wunnengspolitik a kee bezuelbare Wunnraum

 

Manner Staat verlaangt de Roy Reding an der Wunnengspolitik an enger Debatte an der Chamber, den 30. Juni 2015. Well, sou den ADR-Deputéierten, d’Wunnengsbaupolitik vum Staat ass gescheitert. Hie plädéiert fir bezuelbare Wunnraum. Mä de Roy Reding wiert sech géint munnech Mesuren, déi vum Staat ouni Erfolleg probéiert ginn. Besonnesch reegt hie sech iwwer de Bail emphytéotique op (dat ass, wann een en Haus keeft ouni Terrain, deen no 99 Joer nees un de Staat oder e private Proprietär zeréckfält) an zéckt net hei vu Bedruch ze schwätzen . Ze grouss ass de Verloscht fir de Proprietär, wann säin Haus no 99 Joer him nees ofkaf gëtt … de Modell kinnt allerhéchstens gräifen an enger Famill profitéieren, wann d’Lafzäit 999 Joer wär.

Alternative vun der ADR sinn eng Sozialbank, déi de Leit hëlleft, Proprietär ze ginn a Garantien iwwerhëlt. En anere gudde Modell ass fir de Roy Reding de “Portage foncier” (hei gëtt fir d’éischt de Bau bezuelt an duerno keeft de Proprietär och den Terrain).

 

 

Deel dëse Post: