Germanophone Schüler an de klassesche Lycéeën entgéintkommen

Franséisch bedeit fir vill germanophon Schüler an de klassesche Lycéeën eng Erausfuerderung. De Fred Keup huet dozou e puer Froen un de Schoulminister.

Fro:

Den Här Minister huet den 22. Januar 2025 a senger Ried zur Interpellatioun vun der honorabeler Deputéiert Francine Closener iwwer déi ëffentlech Europaschoulen drop higewisen, datt et mëttlerweil dräi klassesch Lycéeën am Land gëtt, wou eng 7e classique francophone ugebuede gëtt, an där op Franséisch ënnerriicht gëtt. Et ass effektiv sou, datt et an de klassesche Lycéeë vill frankophon Schüler ginn, déi Problemer mam Däitschen hunn, an dës frankophon Klasse sollen dëse Schüler entgéintkommen.

Et ginn an eise klassesche Lycéeën awer och vill Schüler, déi Problemer mam Franséischen hunn, besonnesch germanophon Schüler, déi Lëtzebuergesch oder Däitsch als Mammesprooch hunn. Si gi vu 4e un (bzw. scho vu 7e un, wat d’Mathé ugeet) mat der Tatsaach konfrontéiert, datt déi meescht Coursen op Franséisch ofgehale ginn, wat besonnesch an der Mathé an an de Wëssenschafte fir dës Schüler eng Erausfuerderung duerstellt, well hei d’Komplexitéit vun de Fächer duerch d’Komplexitéit vun der franséischer Sprooch quasi verduebelt gëtt.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Ginn et am Schoulministère Iwwerleeungen, fir de germanophone Schüler an de klassesche Lycéeën entgéintzekommen, andeems een, vu 4e bis Première (bzw. scho vu 7e un, wat d’Mathé ugeet), Klassen ubitt, wou an alle Fächer (bis op Franséisch) op Däitsch ënnerriicht gëtt? Wann net, wat schwätzt dogéint, fir dëse Schüler op eng änlech Aart a Weis entgéintzekommen, wéi dat och mat de genannte frankophone Klassen de Fall ass?

Äntwert:

D’Gestaltung vum Sproocheregime am Enseignement secondaire ass eng vun de groussen Erausfuerderungen, déi sech eisem Schoulsystem stellen, dëst opgrond vun der grousser Diversitéit, déi eis Schoulpopulatioun am Hibléck op hire sproochlechen Hannergrond opweist. Den honorabelen Deputéierte freet, ob et Iwwerleeunge ginn, de germanophone Schüler entgéintzekommen, andeems vu 4e bis 1re géife Klassen ugebuede ginn, op deenen Däitsch d’Unterrechtssprooch wier. Dëst ass an där Form net geplangt: Engersäits ass mat de germanophone Sektiounen an den agreéierten europäesche Schoulen eng Offer geschafe ginn, déi genee dem uewe geäusserte Wonsch vum honorabelen Deputéierten entsprécht, anerersäits ass op den allermeeschte Sektioune vum Enseignement secondaire général Däitsch souwisou d’Unterrechtssprooch op den ieweschte Klassen. Do wou dat net de Fall ass, a wou e Besoin besteet, gi Coursen op Däitsch iwwersat. Germanophon Schüler zu Lëtzebuerg hunn deemno d’Méiglechkeet, onofhängeg vun hirem schouleschen Niveau, laanscht d’Franséischt als Unterrechtssprooch ze kommen.

 

 

Deel dëse Post: