Genuch Douaniere fir Kontrollen op de Grenzen

Déi gutt Nouvelle: d’Lëtzebuerger Douane huet „adequat personell Moyenen zur Verfügung fir all hire Missiounen nozekommen, an dat och am Bezuch op eventuell Kontrollen op de Grenzen“. Dëst huet de Finanzminister – deen d’Kompetenzen iwwert d’Douane huet – op eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser geäntwert.

Domadder huet ons Regierung elo keng Ausried fir äis Grenze grouss opstoen ze loossen, wann et da sollt néideg ginn. Lëtzebuerg kéint z.B. géint Terroristen déi aus dem Ausland wéilte komme verdeedegt ginn, oder och, wéi déi rezent Beispiller vu Schweden an Dänemark et weise fir sech géint en ze vill héijen Afflux vun Immigranten ze wieren. Kéint… wann d’Gambia-Regierung dat dann esou wéilt!

Deel dëse Post: