Generalkonsul Mendes: Wat geschitt mam Undenken?

Am Zweete Weltkrich ware vill Leit, déi wollten oder hu missen d’Land verloossen. Den deemolege portugisesche Generalkonsul zu Bordeaux, de verstuerwenen Här Dr. Aristides de Sousa Mendes, huet heibäi eng bedeitend Roll gespillt, well hien huet bewosst géint d’Instruktioune vu senger Regierung gehandelt a Visae fir sou Leit ausgestallt. Esou huet hien ënnert anerem ville Lëtzebuerger Staatsbierger, dorënner och jüddesch Matbierger, an esouguer der Groussherzoglecher Famill Visaen ausgestallt, an hinnen domat den Exil erméiglecht.

De Generalkonsul gouf 1966 vu Yad Vashem zu engem “Gerechten” erkläert an ass zënterhier a Portugal an a Frankräich op vill Manéiere geéiert ginn. Den Deputéierte Fernand Kartheiser wëllt elo an enger parlamentarescher Fro vun der Regierung wëssen, ob si sech de Meritte vum portugisesche Generalkonsul bewosst sinn, an ob si dëst Undenken éieren a fleege wëllen.

Deel dëse Post: