Genehmegung vun der Konventioun iwwer d’Bereetstelle vu Sozialwunnengen

Marc Schiffmann (ADR):

Ech gratuléieren hinnen fir déi exzellent Aarbecht an d’Transparenz vun hire Rapporten, do ass wierklech näischt ze soen an d’ADR wäert mat dëser Konventioun averstane sinn. Ech komme awer ganz kuerz nach eng Kéier drop zréck op 73, rue du Tattebierg, wéivill Quadratmeter dat Haus huet. Wann ech dann de Kafpräis kucken, an et huet am ganzen 187 Quadratmeter, da komme mer op 6.417 Euro pro Quadratmeter an dat wahrscheinlech mat enger net grad exzellenter Energieklass. Ech weess, datt an all Zëmmer e klenge Kacheck an eng Duschzell virgesinn ass, dat erkläert awer net deen iwwerdriwwene Präis. Et leeft elo grad op RTL eng Publicitéit fir eng Kichenzeil, déi kascht 676 Euro an do ass d’Liwwerung an den Abau abegraff. Zum Beispill. An der Stad baue se Sozialwunnengen an der Energieklass B, mat Pelletheizung, um Kierchbierg, fir 5.800 Euro de Meter carré.

Wéi sot den Här Bettel a senger kompakter Ried vun der Lag vun der Natioun? Dat elo en Deel vun de Wunnenge vum Fonds de Logement vu Privatpromoteure gebaut gëtt, déi net méi wéi 3.250 Euro pro Quadratmeter kaschten dierfen. Et ass net ze erklären hei zu Diddeleng alles, wat vun der Gemeng gebaut gëtt, esou deier ass. Et kënnt den Androck op, dat verschidde Leit sech op Käschte vun der Allgemengheet eng gëlle Nues verdéngen.

Ech wëll nach eng Kéier ernimmen, datt de Prinzip vun dëse Wunnengen eng ganz gutt Saach ass a mir als ADR all sozial Projete ënnerstëtzen awer wa mer mol géife léieren net zu Präisser ze bauen, déi bis zu 35% iwwer deene vum Marché leien, da kéinte mer eis et och vläit leeschten, nach méi Sozialwunnengen ze bauen. Ech soen iech Merci.

(Interventioun)

Marc Schiffmann (ADR):

Ech wollt just dozou soen, Här Rech, och mir wëllen de Mënsch an de Mëttelpunkt stellen, mä déi Diskrepanz tëschent de Präisser mat der Stad an onse Präisser hei, dat ass schwéier ze verstoen a wa mer op all Projet 30% aspueren, kënne mer méi maachen.

Extrait aus dem Verbatim vum Diddelenger Gemengerot vum 8te Mee 2015

Deel dëse Post: