Am Unhang fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierte Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gläichstellung an Diversitéit weiderzeleeden.
Laut engem Artikel am “Lëtzebuerger Vollek” vum 9. Dezember 2025 (“Gleichstellung ist kein Ranking − sondern eine Haltung”) gëtt drop higewisen, datt Lëtzebuerg op der 9. Plaz am neien europäeschen Gender Equality Index läit.
Obwuel dës Zort vu Ranglëschten ëmmer gutt Indicateure sinn, spigelen si net ëmmer déi sozial Realitéit erëm. Kloer ass, datt d‘Gläichheet tëscht de Geschlechter eng Astellung an e Wäert duerstellt, deen eng wichteg Plaz an der Lëtzebuerger Gesellschaft muss anhuelen.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Ass d’Regierung sech bewosst, datt dës spezifesch Etüd e falscht Bild vun der sozialer Realitéit am Land presentéiere kéint? Wa jo, wéi eng Alternative gi fir eng qualitativ Bewäertung vun der Gläichheet tëscht de Geschlechter virgeschloen?
- Wéi eng Initiativë si geplangt, fir an der Lëtzebuerger Gesellschaft d’Bewosstsinn dofir ze stäerken, datt Gläichheet eng Astellung an e Wäert ass, a kee Konkurrenzdenken op Basis vun Zuelen?
Mat déiwem Respekt,