Gemeinsame Fleegedossier: och op Lëtzebuergesch w.e.g.

D‘Regierung huet de „gemeinsame Fleegedossier“, no der franséischer Ofkierzung och nach DSP (Dossier de Soins Partgagés) genannt, agefouert. Dës Dossiere gi vun der Agence eSanté, engem Groupement fir ekonomesch Interessien (G.I.E.) verwalt.

Am Abléck ginn d‘Leit mat Bréiwer doriwwer informéiert, datt eng Pilotphase gestart ginn ass, an datt hir gemeinsam Fleegedossieren accessibel sinn. Dëse Bréif, deen och un eeler Assurée geschéckt gëtt, ass awer exklusiv op Franséisch verfaasst.

Iwwert de Wee vun enger parlamentarescher Fro huet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen drop bestanen, datt d‘Assuréen an hirer Sprooch, dat heescht och op Lëtzebuergesch, informéiert ginn.

Deel dëse Post: