Géint eng Trennung vun eise Schüler!  

print

 

De 6. Abrëll 2017 hat de Schoulminister op der Websäit vu sengem Ministère eng Pressematdeelung publizéiert, an där ze liese war: «L’initiative ‘Wee2050/Nee2015’ vient de diffuser un communiqué dans lequel elle insinue que le ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse aurait réorienté sa politique éducative vers une alphabétisation en français des enfants de l’école publique luxembourgeoise. (…) Cette accusation est dénuée de tout fondement. De toute évidence, le ministère n’envisage pas l’introduction de l’alphabétisation en français à l’école fondamentale luxembourgeoise.» Schonn dräi Joer virdrun hat de Minister Meisch an engem Interview mam LW gesot: «Une pure alphabétisation en français n’est pas la solution idéale, (…) car elle éloigne l’enfant de la langue luxembourgeoise.»

Dat huet den Educatiounsminister awer net dovun ofgehalen, säi Projet vun enger progressiver Alphabetiséierung op Franséisch virunzedreiwen. Mam Resultat, datt elo e Pilotprojet a véier Gemengen am Land duerchgefouert gëtt, wou d’Schüler, getrennt vun deenen aneren, op Franséisch alphabetiséiert ginn. Dëse Pilotprojet gouf iwwregens net mat de Syndikater ofgeschwat, wéi sou villes, wat am Schoulministère decidéiert gëtt. E Schouldirekter, deen un dësem Pilotprojet bedeelegt ass, huet op RTL betount, dass fir Schüler, déi dëst Joer d’Alphabetiséierung op Franséisch ufänken, eng Plaz an enger internationaler Schoul garantéiert wier, wa si dat wënschen. Den Här Meisch seet allerdéngs, datt d’Schüler, déi elo op Franséisch alphabetiséiert ginn, op dem „selwechten Niveau“ wäerte sinn, um Enn vun hirem Parcours an der Grondschoul, wéi déi Kanner, déi op Däitsch alphabetiséiert ginn. Mä wéi sollen dann déi Kanner, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn, de selwechten Niveau am Däitschen erreeche wéi déi aner? De Projet wäert jiddwerfalls un där Ausso gemooss a bewäert musse ginn. An et wäert sech da weisen, dass dëse Projet vum Här Meisch erëm ee weidere Puzzle-Steen am „Nivellement vers le bas“ ass.

Et ass fir d‘ADR kloer, datt d’Alphabetiséierung op Däitsch vill Virdeeler huet, net zulescht wéinst hirer Phonem-Graphem-Korrespondenz, an datt et eng Illusioun ass ze gleewen, et géif een d’Kanner besser op de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart virbereeden, andeems een se op Franséisch alphabetiséiert. D’Aféierung vu frankophone Grondschoulklasse mat enger Alphabetiséierung op Franséisch géif engersäits dozou féieren, datt d’Roll vum Lëtzebuergeschen ofhëlt (wéi de Minister Meisch selwer gesot huet), an anerersäits ass et fir dat soziaalt Zesummeliewen a fir d’Integratioun falsch, wa Kanner scho vu Klengem un no Nationalitéit getrennt ginn, well et zu Parallelgesellschafte féiert, wou déi vill Awunner dann niefteneen, amplaz mateneen, géife liewen. Sozial a schoulesch Ongläichheete kënnen net doduerch verréngert ginn, andeems een d’Kanner segregéiert.

D’ADR ass fir e Matenee vun eise Kanner a fir Integratioun. Dat heescht: D’Kanner ginn zesummen alphabetiséiert, an enger Sprooch (Däitsch), déi der Sprooch vum Land (Lëtzebuergesch) am nooste kënnt. Mir si fir e Schoulsystem, wou d’Kanner all zesummekommen, egal wéi eng Wuerzele si hunn.  

Matgedeelt vun der ADR