Géint d’Ofschafe vun de Kierchefabrécken!

print

D’Kierchen zu Lëtzebuerg gehéieren zum gréisste kulturelle Patrimoine, deen eist Land huet. Si sinn e Stéck vun eiser Identitéit an dausende Benevolle setzen sech och haut nach fir de gudden Zweck  a fir d’Erhale vun eise Wäerter an eiser Kultur an. D’ADR weist sech schockéiert iwwert d’Aart a Weis, wéi d’Regierung mat de Kierchefabrécken ëmgeet: eng onfair an onwierdeg Behandlung, esou de Gast Gibéryen a senger Chamberinterventioun vum 17. Januar. D’Regierung huet carrément refuséiert, mam Syfel – de Vertrieder vun de Kierchefabrécken – ze schwätzen; et gouf hinnen net mol eng Entrevue accordéiert. D’Gesetz, wat de 17. Januar gestëmmt gouf, hat vu Ufank un zum Zil, d’Kierchefabrécke ganz ofzeschafen a soumat d’kathoulesch Kierch substantiell ze schwächen – e verfassungswidderegen Akt! (Extrait 2’35“)D’Kierchefabrécke besti schonns säit 200 Joer als eegestännegt Organ ënnert dem Schutz vum Bistum. Eng staatlech Expropriatioun ass illegal an  inakzeptabel. Mat der ADR an der Regierung gëtt dëse Beschloss réckgängeg gemaach!

 

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.