Géint déi totalitär Fantasien vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéierten!

Zesummen hunn déi sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert, de 4. Abrëll 2020, eng Erklärung eraus ginn an där si d’Schold fir d’Versoe vun der Europäescher Unioun an där aktueller Corona-Kris eleng de Nationalstaate ginn.

Si probéieren elo d’Kris dofir ze gebrauche, fir der Europäescher Unioun nei Kompetenzen a méi Mëttelen ze ginn déi si bis elo, an deene méi wéi 50 Joer vun hirer Geschicht, aus ville gudde Grënn, net kritt huet. Déi sechs Deputéiert wëllen zum Beispill der EU d’Méiglechkeet gi fir Ausgangsspären a Quarantänen ze verhänken. An d’EU soll och, eise sechs EU-Parlamentarier no, iwwert d’Verdeelung vu medezineschem Material, Experten a Medikamenter decidéieren.

Dobäi kommen nach Fuerderungen, déi een och vu ville Säiten héiert wéi e méi groussen EU-Budget, direkt EU-Steieren an eng Vergemeinschaftung vun de Scholden iwwer esou genannte „Corona-Bonds“.

Fir d’ADR ass kloer: weder d‘Madamm von der Leyen nach d’Europaparlament däerfe jeemools decidéieren ob zu Lëtzebuerg eng Ausgangsspär ass oder net! Dat sinn Decisiounen, déi nëmmen national Regierungen, déi vu nationale Parlamenter kontrolléiert ginn, däerfen huelen. An et ass och net déi Bréisseler Bürokratie, déi soll däerfen decidéiere wien an Europa nach Medikamenter kritt a wien net!

Fir d’ADR ass kloer: Gesondheetspolitik ass eng national Politik. Awer selbstverständlech muss déi op europäeschem Plang koordinéiert ginn a genee esou selbstverständlech brauch et an Europa eng grouss mënschlech Solidaritéit!

Elo brauche mir ganz séier nees eng pharmazeutesch Industrie an Europa. Déi iwwerdriwwe Globaliséierungspolitik vun der EU muss ophalen!

Nee, Dir Dammen an Hären Europadeputéiert, mir brauchen net méi Mëttele fir d’EU, mir brauchen och keng totalitär Bréisseler Fantasien, mir brauchen einfach nëmmen eng besser an eng méi realistesch Politik!

ADR-Pressematdeelung vum 06. Abrëll 2020

Deel dëse Post: