Géint d’Ausgangsspär a fir d’Anhale vun eise Grondrechter!

Scho fir déi 10. Kéier huet d’ADR an der Chamber dergéint gehale wat de Covid-Gesetzprojet ugeet, an ass déi eenzeg Partei an der Chamber déi des totalitär Politik vun Ufank un, konsequent, net matdréit. D’ADR kritt ëmmer méi Zousproch vun de Bierger am Land an et gëtt ëmmer méi offensichtlech datt d’Ënnerstëtzung fir der Regierung hir Politik ofhëlt. Mir hätten eis als ADR gewënscht, datt d’Regierung op dee Wee gaange wär fir den HORECA-Secteur nees opzemaachen. A wann d’Regierung och keng allgemeng Ouverture akzeptéiert hätt, dann hätt si awer wéinstens kënne kleng Schrëtt maachen, selbstverständlech mat deenen néidege Sécherheetsmoossnamen. Op e neits huet sech d’ADR och géint d’Ausgangsspär ausgeschwat! Et gëtt wierklech héich Zäit datt alleguerten déi verfassungsméisseg geschützte Rechter vun de Bierger an hire perséinleche Fräiheeten, inklusiv dem Respekt vun der Privatsphär an der Beweegungsfräiheet, voll a ganz nees hiergestallt ginn. Mir stelle geféierlech Tendenzen a Richtung totalitär Gesellschaft fest. Mir als ADR wieren eis weider dogéint. Mir stinn zu enger fräier, demokratescher Gesellschaft, och a COVID-Zäiten!

 

Deel dëse Post: