Géint “Cancel culture”! Eng Proposition de loi vum F. Kartheiser

Fréier war een „radikal“ oder „extremistesch“, wann een Ofdreiwungsdoktere virun hirer Klinik erschoss huet, oder wann ee sech als Djihadist op enger Maartplaz an d’Loft gesprengt huet, oder wann ee Fligeren entfouert huet. Haut ass een „extremistesch“, wann ee sech op Facebook iwwer d’Maskeflicht zu Lëtzebuerg opreegt oder wann ee sech freet, ob 1 Millioun Awunner fir Lëtzebuerg am Joer 2035 de richtege Wee ass. De Begrëff „radikal“ gëtt haut sou inflationär benotzt, datt ee sech scho froe muss, wat een iwwerhaapt nach soen oder schreiwe kann, ouni als „Extremist“ duergestallt ze ginn.

Fréier war fräi Meenungsäusserung net just ee Pilier vun eiser Demokratie, mee de Pilier vun eiser Demokratie. D’Gesellschaft hat, bei allen Differenzen, ee gemeinsame Konsens: Soulaang een net diffaméiert oder Gewalt gepriedegt huet, konnt een ouni Gefor seng Meenung äusseren. Haut gesi mer hei am Land e Phenomen, dat an där Form nach ni an eisem Land existéiert huet: ëmmer méi Leit froe sech: Däerf ech dat oder dat iwwerhaapt nach schreiwen/soen, ouni mech enger Gefor (z.B. Uklo oder Aarbechtsplazverloscht) auszesetzen? De Staat huet haut eng Waff an der Hand, déi jidderengem Anscht mécht, eng Aart Damokles-Schwäert, dat iwwer der fräier Meenungsäusserung schwieft: „Hate Speech“.

Dat ass de grousse Problem mat de lénken a lénksliberalen Aktivisten a Politiker an eiser Gesellschaft: hiren eegene Radikalismus gëtt net als Radikalismus, mee als „Engagement“ duergestallt, während Mënschen, déi anescht denke wéi si, als Extremisten duergestallt ginn. Solle mer 3 Beispiller zitéieren?

  • A Kanada goufen 2021 Bicher a Bandes dessinées verbrannt (inkl. Tintin an Asterix), well se angeblech déi amerikanesch Indianer net politesch korrekt duergestallt hunn. Ass dat net radikal?
  • An Däitschland kritt eng jonk Musikerin mat Rasta-Frisur gesot, si misst hir Hoer ofschneiden, well si en Zeeche vu „kultureller Appropriatioun“ wieren, soss kéint si net um Concert optrieden. Ass dat net radikal?
  • Op der Uni zu Oxford, fréier e Symbol vun akademescher Fräiheet, kruten d’Museksproffen 2021 vun enger amerikanescher Anti-Rassismus-Beweegung gesot, si missten déi „wäiss Komponisten aus der Kolonialzäit“, also Bach, Mozart a Beethoven, vum Programm huelen, fir net hir Reputatioun ze verléieren. Ass dat net radikal?
  • Ganz rezent gouf e “Winnetou”-Buch aus dem Verkéier gezunn, well d’Wuert “Indianer” dra virkënnt (dat déi amerikanesch Urawunner selwer benotzen!)

Als ADR hale mir déi fräi Meenungsäusserung héich. An dofir bekämpfe mir och all Form vun “Cancel Culture”. An deem Sënn huet de Fernand Kartheiser den 18. Oktober 2022 an der Chamber eng Proposition de loi géint “Cancel culture” deponéiert:

 

Deel dëse Post: