Geheimniskrämerei vun der Regierung

Déi 16 Membere vum “Conseil supérieur de l’aide à l’enfance et à la famille” hunn eng wichteg Berodungsfunktioun fir d’Regierung am Hibléck op d’Ënnerstëtzung vu Kanner a Famillen. D’Lëscht vun hire Memberen ass awer net ëffentlech zougänglech. Den Dan Hardy wëll vum Familljeminister wëssen, firwat dat sou ass.

Fro:

Den „Conseil supérieur de l’aide à l’enfance et à la famille‟ besteet laut Gesetz vum 16. Dezember 2008 „relative à l’aide à l’enfance et à la famille‟ aus 16 Memberen, déi vun der Regierung fir eng Mandatsdauer vu 5 Joer (erneierbar) ernannt ginn. D’Lëscht vun dëse 16 Memberen ass awer net ëffentlech zougänglech, oder gëtt op d’mannst net routineméisseg publizéiert. Eis ass an deem Kontext zu Ouere komm, datt verschidde Leit vergeblech Demarchë beim „Office national de l’enfance“ ënnerholl hunn, fir un d’Nimm vun dëse 16 Memberen ze kommen.

An deem Zesummenhang hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister d’Nimm vun de 16 Membere vum „Conseil supérieur de l’aide à l’enfance et à la famille‟ matdeelen ?
  • Wann nee: Aus wéi enge Grënn ass d’Lëscht mat de 16 Membere vun dësem Gremium net ëffentlech zougänglech?

 

Deel dëse Post: