Geheimdéngscht: “Mir maachen eis blann!” [Videoen]

De Fernand Kartheiser huet de 9. Juni an der Chamber iwwer dat neit Gesetz geschwat, dat de Geheimdéngscht (SRE) soll regelen. E Gesetz, wat d’ADR net gestëmmt huet.

Den ADR-Deputéierten huet virun allem déi onrealistesch Approche, déi vill Bürokratie an déi mangelnd Gewaltentrennung am Gesetz kritiséiert. Hien huet awer begréisst, datt all Parteien ausser Déi Lénk d’Noutwennegkeet vum Geheimdéngscht géingen verdeedegen. Besonnesch bei deene Gréngen wär dat erstaunlech: Wat si elo brav als Stéck Gambia matstëmmen, hätten se nach 2012 a Fro gestallt. Deemools hunn déi Gréng d’Daseinsberechtegung vun engem Geheimdéngscht ugezweiwelt.

D’Bürokratie géing virun allem d’Identitéit vun de SRE-Agenten a Gefor bréngen. Wa si eng Waff bräichten, kënnt hiren Direkter hinne just erlaben, … eng Demande um Justizministär ze maachen. D’Roll vum Déngschthär – enger Ministerkommissioun – géing an den operationelle Beräich eragoen, an der Parlamentskommissioun wären net all Parteie vertrueden, och net d’ADR. An d’Regierung géing dem SRE-Direkter e Politkommissär un d’Säit stellen, deen all Aktivitéite géing iwwerwaachen. Prinzipiell freet de Fernand Kartheiser, op et gutt ass, datt ëmmer méi Magistraten a féierender Positioun am Geheimdéngscht a bei der Police agesat ginn. Doranner gesäit hien eng Gefor fir d’Gewaltentrennung am Staat.

Ee Kritikpunkt war dem Fernand Kartheiser besonnesch wichteg: Hie wiert sech dergéint, datt de Geheimdéngscht am Inland verbuede kritt, en Aen op politesch Organisatiounen ze geheien. De Fernand Kartheiser mengt, domat géing Lëtzebuerg sech blann maachen. Et misst méiglech sinn, zum Beispill bei neie politeschen Organisatiounen e gewaltbereete Kär vu net gewaltbereete Matleefer ze ënnerscheeden. An et misst méiglech sinn, eng eventuell Partei, déi d’Demokratie wéilt ofschafen, ze iwwerwaachen.

A well de Fernand Kartheiser am Kale Krich eng Zäit als Duebelagent aktiv war, nodeems de sowjetesche Geheimdéngscht probéiert hat, hien ze korrumpéieren an hien dat un d’Lëtzebuerger Autoritéite gemellt hat, sinn Déi Lénk anscheinend nach ëmmer e bësse béis mat him. Mä de Fernand Kartheiser huet zu alle Froen, déi si stellen, eng Äntwert.

 

Deel dëse Post: