Gehéiert d’sexuell Fréierzéiung an d’Schoul?

D’Approche vun enger affektiver a sexueller Gesondheet bekannt maachen, ass d’Missioun, déi den nationalen Zenter fir affektiv a sexuell Gesondheet (CESAS) fir seng véier Tutellesministèren erfëllt, also fir den Educatiounsministère, de Gesondheetsministère, de Familljeministère an de Ministère fir Gläichstellung tëscht Mann a Fra.

„Och kleng Kanner hunn eng Sexualitéit” betount d’Coordinatrice vum CESAS, an et wier wichteg, d’Leit dofir ze sensibiliséieren. Et heescht, den Zenter wier amgaang, mat de Ministèren en Outil auszeschaffen, mat deem ënner anerem d’Schoulpersonal fir dës Thematik soll sensibiliséiert ginn. Dëst soll och iwwert e Formatiounsprogramm bei de Studenten am neie Medezinbachelor op der Uni Lëtzebuerg erreecht ginn.

An deem Zesummenhang hunn d’Deputéierten déi zoustänneg Ministère gefrot, wat et konkret mat dësem „Outil“ op sech huet a wou iwwerall dëse soll agesat ginn? Och iwwert de Formatiounsprogramm fir Medezinstudenten hu si Detailer gefrot.

 

Deel dëse Post: